Liichtgeschwënnegkeet
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Liichtgeschwënnegkeet ass déi Geschwënnegkeet mat där sech d'Liicht beweegt. Zënter dem Albert Einstein senger spezieller Relativitéitstheorie ass gewosst, datt d'Liicht sech ëmmer mat därselwechter Geschwënnegkeet duerch de Vakuum beweegt. Dofir ass d'Liichtgeschwënnegkeet hautdesdaags eng wichteg physikalesch Konstant.
D'Liichtgeschwënnegkeet gëtt an der Physik mam Buschtaf c ofgekierzt an hire Wäert ass:
Well dëse Wäert eng Konstant ass, also ni ännert, gëtt zënter dem 1. Oktober 1983 d'Längt vun engem Meter mat Hëllef vun der Liichtgeschwënnegkeet definéiert. Deemno ass e Meter genee déi Distanz, déi d'Liicht am Vakuum an enger 1/299.792.458 Sekonn zeréckleet.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Liichtegeschwënnegkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
