Liichtkraaftdistanz

Vu Wikipedia

D'Liichtkraaftdistanz DL gëtt bei engem astronomeschen Objet an Ofhängegkeet vu senger visueller Hellegkeet m a senger absolutter Hellegkeet M definéiert:

Wat no DL opgeléist ergëtt:

D'Berechene vun der Liichtkraaftdistanz vun engem Objet wann ee vu senger richteger Distanz ausgeet, ka besonnesch bei Objeten déi méi wäit leien, komplizéiert ginn, well duerch d'kosmesch Stëbswolleken d'Liicht absorbéiert ka ginn. Ausserdeem spillt bei groussen Distanzen och de kosmologesche Modell eng Roll.

Bei relativ noen Objete kann awer ugeholl ginn, datt d'Liichtkraaftdistanz ongeféier mat der reeller Distanz iwwereneestëmmt.

D'Differenz tëscht visueller Hellegkeet an absolutter Hellegkeet gëtt och Distanzmodul genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]