Liichtmëssdag

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Liichtmëssdag, den 2. Februar, ass deen Dag, wou zu Lëtzebuerg d'Kanner liichte ginn, dat heescht se gi mat "Liichtebengelen" a klenge Gruppe vun Haus zu Haus.

Dës Liichtebengele ware fréier einfach Bengelen, ronderëm déi eng Wick opgewéckelt war, haut sinn et meeschtens Lampionen (aus Sécherheetsgrënn mat elektresche Biren, amplaz Käerzen), déi d'Kanner droen. Dobäi ginn nieft dem wäit verbreete "Léiwer Härgottsblieschen" lokal heiansdo och nach aner Lidder gesongen.

A Frankräich ginn op Liichtmëssdag traditionell Paangecher gebak, vläicht, well hir Form un d'Sonn erënnert, déi sech nom Wanter erëm weise kënnt. Et gëtt souguer Bräich wéi deen, deen éischte Paangech op e Schaf ze geheien, fir sou d'Joer iwwer eng gutt Rekolt ze kréien.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi aner Feierdeeg och, ass Liichtmëssdag eng Mëschung aus alen, "heednesche" Bräich, op déi e kierchlecht Fest dropgeprafft gouf.

Zréck geet et op d'keltescht Fest vum Imbolc, dat den 1. Februar zu Éiere vun der Gëttin Brigid gefeiert gouf, an dat Rengegung an d'Fruchtbarkeet um Enn vum Wanter zum Thema hat. D'Bauere sinn an enger Prëssessioun mat Fakelen op d'Felder gezunn, an hunn d'Gëttin ugebiet, si soll d'Felder rengegen, éier se nei ausgeséint géifen. Och d'réimescht Lupercus-fest, benannt no engem Gott vun der Fruchtbarkeet an den Déierenträpp, dat ëm de 15. Februar gefeiert gouf, spillt hei mat eran.

Am 5. Joerhonnert huet de Poopst Gelasius I. dës Riten duerch d'"Lutefest" ersat, dat doru soll erënneren, wéi der Bibel no de Jesus am Tempel presentéiert gouf an d'Maria doduerch och gerengegt sollt ginn. No jiddesche Riten hunn d'Mamme missen hiren éischtgebuerene Jong 40 Deeg, nodeem en op d'Welt koum, am Tempel presentéieren. An de Kierche goufen dann d'Fakelen duerch Käerzen ersat, déi da geseent a vun de Leit versuergt goufen, fir se bei Gefor (Donnerwiederen, asw.) ofzebrennen.

Lidder[änneren | Quelltext änneren]

Traditionell ginn dës Lidder vun de Kanner gesongen wa se un d'Diere schelle ginn. Si hoffen als Belounung Schneekereien oder Suen ze kréien. Den Härgottsblieschen bezeechent den Hellege Blasius, deem säin Namensdag deen Dag drop ass.

Léiwer Härgottsblieschen[änneren | Quelltext änneren]

Quell vun dëser Versioun: Welter 1929 an der Literatur.

Léiwer Härgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.

Loosst déi jonk Leit liewen
, an dei Al derniewen)
Kommt der net bal,
D'Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d'Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D'Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss.[1]

De klenge Kinnek[änneren | Quelltext änneren]

Hei kënnt de klenge Kinnek,
gitt em net ze wéineg,
loosst en net ze laang hei ston,
well hie muss nach weider gon, weider gon, ...

Liichtemännercher[änneren | Quelltext änneren]

Hei komme Liichtemännercher
Mat hire Liichtebengelcher
Mir wenschen Ierch dat allerbescht
Hutt Dir fir eis nach eppes rescht
Mär sangen iech e schéint neit Lidd
Maacht op är Dier
Mär si scho midd

Hei kommen eis Kënnercher liichten[änneren | Quelltext änneren]

Hei kommen eis Kënnercher liichten
hu Bake sou rout wéi Kiischten
Hir Ae liichte wéi Stären
Wat hätten eis Kënnercher gären?

Mir Kanner komme liichten[änneren | Quelltext änneren]

Mir Kanner komme liichten
mir gi vun Haus zu Haus.
Fir Freed a Liicht ze bréngen,
jo dofir zéie mir aus.
Den Härgott soll iech seenen,
't ass eise gréisste Wonsch.
Den Härgott soll eis seenen,
't ass eise gréisste Wonsch.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Edmont de la Fontaine, Luxemburger Sitten und Bräuche. 5. Oplo, Lëtzebuerg 1995 (Original-Editioun 1883), ISBN 2-87982-046-4.
  • Welter, Nikolaus, 1914. Das Luxemburgische und sein Schrifttum, Säit 50 S. G. Soupert, Luxemburg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Candlemas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Eng Variant aus dem Joer 1947 seet hei: Da kritt der eng gutt op d'Schnëss.) [Source ?]