Liichttuerm vu Berck

Vu Wikipedia
Liichttuerm vu Berck
 

 
 
Positioun : 50° 23’ 95’’ N
      01° 33’ 67’’ O
Lokalisatioun : Berck, Pas-de-Calais, Frankräich
Baujoer : 1958 - 59 a Betrib August 1961
Héicht : 45 m (Zylinder = 38,6 m)
Héicht iwwer Mier : 57,6 m
Liichtwäit : 24 Séimeilen
Feier : 1 wäisse Blëtz all 5 Sekonnen
Ka besicht ginn : Neen
Bewunnt : Neen
Automatisatioun : Jo

De Liichttuerm vu Berck steet op der Mëndung vum Authie um Bord vun der Bucht mat dem selwechten Numm, op der Spëtz mam Numm Pointe du Haut-Blanc, bei Berck (Pas-de-Calais). Et ass en zylinderfërmegen Tuerm deen un e Gebai an L-Form ugebaut ass.

Et ass den drëtten Tuerm op der Plaz. Den éischte gouf 1836 gebaut, huet awer aus urbanistesche Grënn missen ofgerappt ginn. En neie Spidol deen e virun d'Nues gesat krut war méi héich an huet säi Feier verstoppt. Dofir gouf en duerch méi en héijen ersat, dee sengersäits 1944 vun der Wehrmacht zerstéiert gouf.

Den haitegen Tuerm gouf am virgespaante Bëtong gebaut. Well et den éischte vun där Zort war huet en ënner Kannerkrankheete gelidden, an huet schonn dräi Joer duerno ugefaange mat räissen, well duerch Waasserinfiltratioune Kabelen duerchgerascht waren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]