Liichttuerm vu Calais

Vu Wikipedia
Liichttuerm vu Calais
Detail vun der Lanter

Detail vun der Lanter
Detail vun der Lanter
Positioun : 50° 57’ 73’’ N
      01° 51’ 30’’ O
Lokalisatioun : Calais Pas-de-Calais Frankräich
Baujoer : 1848
Héicht : 51 m
Héicht iwwer Mier : 59 m
Liichtwäit : 23 Séimeilen (43 km)
Feier : 4 wäiss Blëtzer all 15 Sekonnen
Optik : 4 Fresnel-Lënsen
Lanter : Halogen 250 W
Ka besicht ginn : Jo
Bewunnt : Neen
Automatisatioun : Jo

De Liichttuerm vu Calais gouf 1848 opgeriicht. Et ass en aachteckegen Tuerm, de mat Zille gebaut ass. Well dat déi Zäit net dat bescht Material war, hunn d'Parementer 1992 all musse frëschgemaach ginn.

Den Tuerm deen de fréieren Tuerm Tour du Guet vu Calais aus dem 13. Joerhonnert ersat huet, steet grad sou wéi dee vun Dunkerque an der Uertschaft, eng ronn 500 Meter vum Färhafen ewech.

De Liichttuerm gouf vun 1883 un elektresch befeiert, an 1987 gouf en automatiséiert.[1]

Op den Tuerm kënnt een iwwer 271 Träppleken.

De Liichtuerm vu Calais am August 2008

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Phares de France, Xavier Mével, Éditions France Loisirs

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liichttuerm vu Calais – Biller, Videoen oder Audiodateien