Liichtvitesse

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Liichtvitesse ass déi Vitesse mat där sech d'Liicht beweegt. Zanter dem Albert Einstein senger spezieller Relativitéitstheorie ass gewosst, datt d'Liicht sech ëmmer mat därselwechter Geschwënnegkeet duerch de Vakuum beweegt. Dofir ass d'Liichtvitesse hautdesdaags eng wichteg physikalesch Konstant.

D'Liichtvitesse gëtt an der Physik mam Buschtaf c ofgekierzt an hire Wäert ass:

 c= 299\; 792\; 458\;\; \frac{m}{s}

Well dëse Wäert eng Konstant ass, also ni ännert, gëtt zanter dem 1. Oktober 1983 d'Längt vun engem Meter mat Hëllef vun der Liichtvitesse definéiert. Deemno ass ee Meter genee déi Distanz, déi d'Liicht am Vakuum an enger 1/299.792.458 Sekonn zréckleet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liichtegeschwënnegkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien