Lille
Lille (hollännesch Rijsel) ass eng Stad am Norde vu Frankräich. Si ass d'Prefecture vum Departement Nord an der Regioun Nord-Pas-de-Calais.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Lille läit um Floss Deûle un der belscher Grenz.
Bevëlkerung [änneren]
D'Gemeng Lille huet knapp 200.000 Awunner. D'Agglomeratioun, mat den Nopeschstied Roubaix an Tourcoing an der 1970 gegrënnter Banlieue Villeneuve-d'Ascq huet méi wéi 1,1 Milliounen (1999) Awunner.
Zu Lille liewen, jee nodeems, wéi een zielt, 90.000 bis 150.000 Studenten.
Geschicht [änneren]
Den Numm Lille kënnt dovunner, datt d'Stad op enger Insel louch, Lille = L'Île; och den hollänneschen Numm Rijsel = Ter ijsel (zu der Insel) dréckt dat aus.
1054 taucht Lille eng éischte Kéier an de schrëftleche Quellen op. 1214 war zu Bouvines, direkt baussent Lille, déi decisiv Schluecht tëscht de Staufer an de Kapetinger op där enger an de Welfen op där anerer Säit, déi zugonschte vum franséische Kinnek Philippe II. vu Frankräich ausgoung. Vun ufanks un huet Lille zu der Grofschaft Flandern gehéiert, war awer ëmmer franséischsproocheg. 1304 koum Flandern ënnert direkt franséisch Administratioun, ass 1384 awer ness un d'Haus Bourgogne gefall, dat Lille, nieft Bréissel an Dijon zu enger vu sengen dräi Residenzstied gemaach huet.
1477 gouf d'Bourgogne habsburgesch, a Lille gouf domatter 1555 Deel vun de Spuenesche Nidderlanden. Den 28. August 1667 huet de Louis XIV. Lille belagert, dat de 25. September kapituléiert huet. Hien huet d'Festung vun der Stad duerch de Vauban ausbauen a verstäerke gelooss.
De Vauban huet och eng fënnefeckeg Zitadell baue gelooss, déi zu enger vun de stäerkste vun Europa gezielt huet. Nei Quartierën, Saint-André a Madeleine, sinn entstanen. Am Spueneschen Ierffollegkrich ass d'Festung Lille vun der Allianz géint Frankräich ageholl ginn, Frankräich huet awer dierfen, wéi am Fridde vun Utrecht 1713 festgeleucht, Lille behalen.
Wéi an der Franséischer Revolutioun d'Departementer geschafe goufen, gouf Lille d'Préfecture vum Nord. An der Industrieller Revolutioun ass, wéinst dem Opschwonk vun der Duch- an Textilindustrie, an och dem Ofbau vun der Kuel, d'Stad rasant gewuess. 1858 goufen d'Uertschaften Fives, Wazemmes, Moulins an Esquermes fusionéiert, sou datt Lille 1872 158.000 Awunner hat.
Am Éischte Weltkrich war Lille vum Oktober 1914 bis Oktober 1918 däitsch besat a gouf, wéinst der Front, déi nobäi war, zum Deel zerstéiert. Am Zweete Weltkrich gouf Lille, mam ganzen Departement Nord, net der franséischer, mä der belscher Besatzungsverwaltung vun der Wehrmacht ënnerstallt. Lille gouf den 3. September 1944 duerch déi Alliéiert befreit.
Stiedpartnerschaften [änneren]
Lille huet Partnerschafte mat deenen heite Stied:
|
Kultur [änneren]
Lille war 2004, zesumme mat Genua, Kulturhaaptstad vun Europa. Zënter 1976 gëtt et den Orchestre national de Lille.
Muséeën zu Lille:
|
|
Verkéier [änneren]
Lille ass eng wichteg Kräizung am europäeschen TGVs-Reseau: et läit op der Linn vum Eurostar op London an dem Thalys op Amsterdam a Köln.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Lille – Biller, Videoen oder Audiodateien |