Lilongwe

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lilongwe a Malawi

Lilongwe ass d'Haaptstad vu Malawi. D'Stad läit am Südweste vum Land, westlech vum Malawiséi op engem Héichplateau, 1050 Meter iwwer dem Mieresspigel, op de Grenze mam Mosambik a Sambia. Lilongwe ass no Blantyre déi zweetgréisst Stad vum Land an huet ëm déi 440 000 Awunner.[1]

Lilongwe gouf ufanks vum 20. Joerhonnert vun der britescher Kolonialmuecht zum Verwaltungszentrum vun der Regioun gemaach. 1947 ass Lilongwe offiziell zur Stad deklaréiert ginn an zanter dem 1. Juni 1975 ass et d'Haaptstad vu Malawi an der Zentralregioun Malawi.

D'Stad ass éischter den administrative wéi den economeschen Zentrum. Den Handel mat landwirtschaftleche Produitë wéi Tubak, Kotteng, Téi a Kären ass virun allem vu regionaler Wichtegkeet.

Zu Lilongwe gëtt et eng Akerbausschoul an en internationale Fluchhafen, de Kamuzu International Airport.

D'Koordinate sinn: Gnome-globe.svg 13° 59’ 00’’ S 33° 47’ 00’’ O

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Source: Malawi in figures 2006 vum National Statistical Office vu Malawi (Juli 2007)
Commons: Lilongwe – Biller, Videoen oder Audiodateien