Limburgesch

Vu Wikipedia
Limburgesch
Limburgs
Gëtt geschwat an: Provënz Limburg (Holland), Belsch (Provënz Limburg (Belsch), Provënz Léck), Däitschland (Aachener Land)
Regioun: Europa
Gëtt geschwat vun: 1.300.000[1]
Klassement: ?
Klassifikatioun no Famill: Indo-Europäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Provënz Limburg (Holland)
An der Provënz Limburg (Holland) als Regionalsprooch unerkannt
Reglementéiert vun: Veldeke Limburg, Raod veur 't Limburgs
Sproochcoden
ISO 639-1 li
ISO 639-2 lim
ISO 639-3 lim


Limburgesch ass eng nidderfränkesch Sprooch déi haaptsächlech an der hollännescher Provënz Limburg geschwat gëtt, an och an de belsche Provënze Léck a Limburg.

Et gëtt verschidden Dialekter vum Limburgeschen déi uechter d'Provënz Limburg geschwat ginn. D'Sprooch ass säit 1997 als Regionalsprooch vun d'Provënz Limburg unerkannt[1], mä net als eng offiziell Sprooch an Holland, dofir gëtt et keng offiziell Dokumenter op Limburgesch. D'Gemengen an der hollännesch Provënz Limburg sinn dofir zoustänneg d'Limburgesch Sprooch ze fërderen[2] Et gëtt Noorichten- a Radiosprogrammer op Limburgesch z. B. vum Regionalsender L1 Limburg.

Kaart vun de Sproochen am Benelux

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Limburgish". Ethnologue.com. Retrieved 23 August 2017.
  2. Rijksoverheid: Erkende Talen - De Limburgse Taal. Gekuckt de(n) 09/04/2022.