Limmat

Vu Wikipedia
Limmat
Längt 140 km
Debit 85,9 m3/s
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Fläch vum Baseng 2.416 km²
Originn
Originn Ausfloss vu Séi
Plaz Walensee
Konfluenz
Leeft an Aare
Geographie
Land CHECHE Schwäiz


D'Limmat (fréier Lindemagus) ass en 140 km laangen Niewefloss vun der Aare an der Schwäiz.

Den Numm entstoung aus de Flossnimm Linth a Maag, déi virun der Linthkorrektur, no bei Niederurnen zesummegefloss sinn.

D'Linth entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou Baachen, dem Sandbach an dem Limmerenbach am Kanton Glarus, südlech vum klengen Duerf Tierfehd, a leeft no Norden duerch Glarus fir bei Filzbach an de Walenséi ze lafen. Se verléisst deen duerch de Linthkanal a leeft op der Héicht vu Schmerikon an den Obersee dee säin Numm hanner Rapperswil an Zürichséi ännert, dee se zu Zürich als Limmat verléisst. Bei Brugg am Kanton Aargau am Waasserschlass fléisst d'Limmat an d'Aare.

Bis zum Platzspitz an dem éischte Wier, mat deem den Debit aus dem Zürichséi reguléiert gëtt, kënnen op der Limmat kleng Persouneschëffer fueren. Fréier war si nach op der ganzer Streck vun Zürich erof mat Schëffer ze befueren. Virun allem Händler hunn hir Faarten a klenge Booter, de sougenannte Biäschen, op der Linth ugefaangen an hir Wueren am Mëndungsgebitt vum Rhäin verkaaft. Zanter dem Bau vun de Kraaftwierker ass dat awer net méi méiglech. Zu Zürich-Letten, Zürich-Höngg, Dietikon, Wettingen, Baden an Turgi gëtt de Floss zur Reguléierung an Energiegewannung gestaut.

D'Uertschaften um Bord vun der Limmat sinn am Kanton Zürich:
Zürich, Oberengstringen, Unterengstringen, Schlieren, Dietikon, Geroldswil, Oetwil an der Limmat.

Am Kanton Aargau leie follgend Uertschaften um Bord vun der Limmat:
Spreitenbach, Würenlos, Neuenhof, Wettingen, Baden, Ennetbaden, Nussbaumen, Untersiggenthal, Turgi.

Verschidden Zürcher Deefer - ënner hinnen de Felix Manz – goufen am 16. Joerhonnert an der Limmat erseeft.

Kuerz no dem Austrëtt aus dem Zürichséi fléisst d'Limmat un der gotescher Waasserkierch laanscht. Dës Plaz gouf schonn zu keltescher Zäit als hellegen Uert ugesinn.

Nieweflëss sinn d'Sihl an d'Reppisch.

D'Landvogteischlass mat der hëlze Bréck iwwer d'Limmat zu Baden

Besonnesches[änneren | Quelltext änneren]

Enn August gëtt zu Zürich d'Limmatschwimmen ofgehalen.

  • Limmat war och den Numm vun der éischter Damplokomotiv an der Schwäiz, déi zanter 1847 fir d'Schwäizer Nordbunn/Spanisch-Brötli-Bunn tëscht Zürich a Baden gefuer ass.
  • D'MS Limmat ass e Motorschëff vun der Zürichsee Schifffahrtsgesellschaft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Limmat – Biller, Videoen oder Audiodateien