Linda Barnes

Vu Wikipedia
Linda Barnes
Gebuer 6. Dezember 1949
Detroit
Nationalitéit USA
Educatioun Boston University,
Boston University College of Fine Arts
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier

D'Linda Barnes, gebuer de 6. Juni 1949 zu Detroit am Michigan, ass eng US-amerikanesch Krimi-Schrëftstellerin.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Si huet zu Boston, Massachusetts, Englesch a Schauspill studéiert an huet duerno Course gehale fir Schauspill. Fir d'éischt huet se Theaterstécker geschriwwen, mat deene se grousse Succès hat. 1981 huet se hiren éischte Kriminalroman erausbruecht. An hire véier éischte Romaner war et e Wënzer a Schauspiller, de Michael Spraggue, dee sech mat de Béisen erëmgeschloen huet.

Mä d'Linda Barnes wollt eng professionell Ermëttlerin mat dobäi hunn. An der Kuerzgeschicht Lucky Penny daucht d'Privatdetektivin Carlotta Carlyle mat hirem Kueder, dem T. C. Carlyle, op an domat krut d'Linda Barnes en Anthony Award. Vun 1987 bis haut huet déi vu sech selwer iwwerzeegten, groussgewuessen Detektivin mat de rouden Hoer zéng Fäll geléist.

Hir Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Michael Spraggue-Serie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1982, Blood Will Have Blood, Blut will Blut
  • 1983, Bitter Finish, Früchte der Gier
  • 1984, Dead Heat, Marathon des Todes
  • 1986, Cities of the Dead, Zum Dinner eine Leiche

Carlotta-Carlyle-Serie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1985, Lucky Penny (1985) - Kuerzgeschicht
  • 1987, A Trouble of Fools, Carlotta steigt ein
  • 1989, The Snake Tatoo, Carlotta fängt Schlangen
  • 1990, Coyote Carlotta jagt den Coyoten
  • 1991, Steel Guitar Carlotta spielt den Blues
  • 1993, Snapshot, Ein Schnappschuss für Carlotta
  • 1995, Hardware, Carlotta geht ins Netz
  • 1997, Cold Case, Rückkehr aus dem Reich der Toten
  • 1999, Flashpoint, Flammen der Rache
  • 2001, The Big Dig, Im Dunkel unter der Stadt
  • 2004 Deep Pockets

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]