Lingua Franca Nova

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fändel

Lingua Franca Nova ass eng Plangsprooch, déi et Mënsche vu verschiddenen Natiounen a Kulturen erméigleche soll, sech op gläichem Fouss ze begéinen a mateneen ze schwätzen. Den Dokter C. George Boeree huet dës Sprooch tëscht 1965 an 1998 entwéckelt.

De Vocabulaire baséiert op de romanesche Sprooche Franséisch, Italienesch, Portugisesch, Spuenesch a Katalanesch an d'Grammaire ass un där vun de Kreolsproochen inspiréiert.