Linn 2 (Paräisser Metro)

Vu Wikipedia
Metro 2
Opgaangen 1900
Lescht Erweiderung 1903
Bedriwwe vun RATP
Typ vu Conduite Schofer (PA)
Material MF 67
Statiounen 25
Längt 12 km
Frequentatioun 92,1 Milliounen (Pass. pro Joer)

D'Linn 2 ass eng vun de Paräisser Metroslinnen. Si war déi zweet Paräisser Metroslinn, déi opgaangen ass.

Den 13. Dezember 1900 ass dat éischt Stéck vun der Porte Dauphine bis op d'Statioun Charles de Gaulle - Étoile opgaangen. Am Oktober 1902 gouf d'Linn bis op Anvers erweidert an den 31. Januar 1903 bis op d'Statioun vun der Rue Bagnolet (haut Alexandre Dumas).

Den 2. Abrëll 1903 gouf déi ganz Linn mat dem Tracet Porte Dauphine - Nation fäerdeggestallt.

Den 10. August 1903 koum et zu engem Kuerzschloss an der Statioun Ménilmontant deen e Brand verursaacht huet. Duerch den Damp dee sech an der Statioun Couronnes verbreet huet, sinn deemools 84 Persounen duerch Erstéckung ëm d'Liewe komm.

Zanter 1903 gouf näischt méi um Tracet vun der Linn 2 verännert. Bis zum 14. Oktober 1907 gouf d'Linn2 Ligne 2 Nord genannt.

Statiounen[änneren | Quelltext änneren]

Paräisser Metro / Linn 2
Porte Dauphine - Victor Hugo - Charles de Gaulle - Étoile - Ternes - Courcelles - Monceau - Villiers - Rome - Place de Clichy - Blanche - Pigalle - Anvers - Barbès - Rochechouart - La Chapelle - Stalingrad - Jaurès - Colonel Fabien - Belleville - Couronnes - Ménilmontant - Père Lachaise - Philippe Auguste - Alexandre Dumas - Avron - Nation


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paris Metro Ligne 2 – Biller, Videoen oder Audiodateien