Lise Rischard

Vu Wikipedia
Lise Rischard
Gebuertsnumm Elise Melanie Meyer
Gebuer 19. Mee 1868
Eech
Gestuerwen 28. Februar 1940
Lëtzebuerg
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Spioun
Famill
Bestuet mat Camille Rischard

D'Lise Rischard C.B.E., gebuer als Elise Melanie Meyer den 19. Mee 1868 zu Eech[1] als Duechter vum Jean Meyer a gestuerwen den 28. Februar[2] 1940 an der Stad Lëtzebuerg, war d'Fra vum Dr. Camille Rischard (1871-1939), mat deem si sech den 9. August 1900 fir d'zweet bestuet hat[1].

Si huet zesumme mat hirem Mann, deen Dokter bei der Eisebunn war, am Éischte Weltkrich fir d'Britte spionéiert, deene si Informatiounen iwwer déi däitsch Truppentransporter, déi mat der Eisebunn duerch Lëtzebuerg gaange sinn, geliwwert huet. Dat geschouch iwwer kodéiert Texter, déi an der Zäitschrëft Der Landwirt publizéiert an ë. a. am Abonnement och engem franséische Jesuittepater an der Schwäiz geschéckt goufen, dee se dann un d'Britte weiderginn huet[3],[4],[5].

1919 kruten d'Lise Rischard an d'Informante vun hirem Reseau vu Frankräich a vu Groussbritannie Gielercher fir hir Verdéngschter: D'Mme Rischard krut d'Croix de guerre avec palmes a gouf zum Commander of the British Empire ernannt, hire Mann, den Dr. Camille Rischard, zum Officer of the British Empire, de Joseph Hansen, de Joseph Offenheim an de Jean Rockenbrod, goufe Member of the British Empire, an den Auguste Diederich, den Ernest Kraus, den Edouard Bram an de Jean Kneip kruten d'Medal of the British Empire Order. D'Jeanne Schroell, d'Editrice vum Landwirth, krut d'Médaille d'honneur des Affaires étrangères en argent[6].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

No hir genannt[änneren | Quelltext änneren]

Zu Ierpeldeng op der Sauer ass eng Strooss no hir genannt: Rue Lise Rischard;

d'Stad Lëtzebuerg huet am Joer 2023 op der Izeger Knupp – an engem neien Deel vu Bouneweg – och eng vu sechs Stroossen déi den Numm vun enger Fra kruten, no hir genannt[8] (Rue Lise Rischard-Meyer).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1310-1312 [C. Rischard]
  2. Escher Tageblatt 1940, Nr. 67 (19. März): 9 (État civil de la ville de Luxembourg du 15.2.40 - 29.2.40). Décès: 28 février [1940] … Elise Melanie Meyer, 71 ans, s. é., ép. divorcée Anet François Xavier Pelletier, et veuve en 2mes noces de Camille Michel Rischard, Luxbg. [1]
  3. "A story of true Luxembourgish heroism." Artikel iwwer d'Lise Rischard op www.wort.lu/en
  4. L'espionne du boulevard Royal.
  5. Wolf, Claude. Das Geheimnis der rue Saint-Roch. Tageblatt 2014, Nr. 269 (19. November). S. 40.
  6. Jean Reitz, Nadine Geisler.. an der Literatur
  7. http://www.amazon.co.uk/The-Secrets-Rue-St-Roch/dp/0713997656
  8. (fr)Bottemer, Benjamin, City Octobre 2023. City 2023. vdl.lu (27.09.2023). Gekuckt de(n) 28.09.2023.