Littrow (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Littrow
Koordinaten 21°30'0"N, 31°23'24"O
Duerchmiesser 28,5 km
Déift 1.230 m
Genannt no Joseph Johann von Littrow
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ12
Littrow an Ëmgéigend (LROC-WAC)

De Littrow ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit um Rand vum Mare Serenitatis, nërdlech vum Krater Vitruvius an ëstlech vum Krater Clerke.

De Littrow ass staark erodéiert, a mat Marelava opgefëllt an dofir zimmlech glat.

De Krater gouf 1935 vun der IAU offiziell nom éisträicheschen Astronom Joseph Johann von Littrow genannt.

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Littrow Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A 22.2° N 32.2° E 23 km
D 23.7° N 32.8° E 8 km
F 22.0° N 34.1° E 12 km
P 23.2° N 32.8° E 36 km

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie