Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Llanfairpwll
Anglesey
WalesAnglesey.png
Red Dot.gif

Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch ass en Duerf op der Insel Anglesey an der Grofschaft mam selwechte Numm am Nordweste vu Wales.

Quaibilljee Gare Llanfairpw.

Jorelaang hat déi kleng Uertschaft mat eppes méi wéi 1000 Awunner dee längsten Uertsnumm vun der Welt, bis eng aner Uertschaft dee Rekord den 19. Juli 2004 gebrach huet. Et ass dat Llanhyfryddawelllehynafolybarcudprindanfygythiadtrienusyrhafnauole.

Mat sou engem Numm, ass Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch zu der bekanntster Uertschaft a Wales ginn, wat natierlech vill Touristen ugezunn huet. Um Quai vun der restauréierter viktorianescher Gare steet dat laangt Schëld, virun deem sech Touristen opstelle fir op d'Foto ze kommen.

Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch

Meeschtens gëtt den Duerfnumm als Llanfair P. G., Llanfairpwll oder Llanfairpwllgwyngyll ernimmt. Den Numm kënnt aus der Walisescher Sprooch a bedeit: Mariekiirch an enger Kaul bei wäissen Hieselnësserten no bei engem séieren Trëndel an der Géigend vun der Thysiliokiirch, déi net wäit ewech ass vun enger rouder Hiel.

Den Domainnumm vu Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch ass de längste vun der Welt, well Domains maximal 63 Buschtawen (+com) däerfen hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Offiziell Websäit (englesch)
  • bbc.co.uk – BBC-Lexikonartikel iwwer Llanfairpwllgwyngyllgogerychwyrndrobwllllantysiliogogogoch (englesch)