Lofoten
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Lofoten sinn eng Inselgrupp laanscht d'Nordküst vun Norwegen.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
D'Lofoten leien eppes 100 bis 300 km nërdlech vum Polarkrees am Atlantik, a sinn duerch de Vestfjord vum Festland getrennt. D'Inselgrupp läit domat tëschen dem 67. und 68. Breedegrad. Déi wichtegst Insele sinn duerch Brécken oder Tunnelle matenee verbonnen.
Politesch gehéieren d'Lofoten zur Fylke (Provënz) Nordland. D'Haaptuertschaft ass Svolvær op Austvågøy. Zu de Lofoten gehéieren d'Gemenge Vågan, Vestvågøy, Flakstad, Moskenes, Værøy a Røst.
D'Lofoten hunn ca. 27.000 Awunner, déi op enger Fläch vun 1.227 km² liewen. Nërdlech an ëstlech läit eng weider Inselgrupp, d'Vesterålen.
Geschicht [änneren]
Zënter ca. 6000 Jore wunne Mënschen op de Lofoten. Deemools hunn se vum Fëschfank a vun der Juegd gelieft. An der Wikingerzäit goufen et puer Sidlunge mat sougenannten Häuptlingshäff. Eng Nobildung ass zu Borg nees opgebaut ginn.
Am 14. Joerhonnert haten d'Händler vu Bergen de Fëschhandel an der Hand.
D'Landschaft war während Joerhonnerten wéineg bewuess, an et goufen net vill Beem, well d'Leit d'Bëscher ofgeholzt hunn, fir Haiser a Schëffer ze bauen. Haaptsächlesch d'Ostsäit vun den Inselen ass besidelt, well do de Wand an d'Welle sech net sou staark bemierkbar maachen - d'Bierger, déi op Plaze méi wéi 1.200 m héich sinn, hunn e Charakter wéi an den Alpen a schwächen den Afloss vum raue Wieder of.
Wirtschaft a Verkéier [änneren]
D'Haaptakommes vun den Awunner ass niewent dem Tourismus de Fëschfank an déi domat verbonnen Industrie. De Fëschfank op de Lofoten, deen all Joer Honnerte vun klenge Booter mobiliséiert, gëtt tëscht Mëtt Januar a Mëtt Abrëll duerchgefouert. De gefangenen Dorsch gëtt zu Klippfësch oder Stackfësch (Tørrfisk) verschafft an ass haaptsächlech fir den Export bestëmmt.
D' Europastrooss E10 fänkt zu Å i Lofoten un a verléisst no 170 km d'Lofoten zu Fiskebøl. Busverbindungen gëtt et op de Vesterålen, mat Uschloss un d'Bunn zu Bodø.
D'Schëffer vun den Hurtigruten halen op de Lofoten zu Stamsund an zu Svolvær. Vu Svolvær no Skutvik fiert eng Autofär.
Et ginn dräi Fluchhäfen op de Lofoten, bei Svolvær, Leknes an op der Insel Røst.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Lofoten – Biller, Videoen oder Audiodateien |