Loftonrou

Vu Wikipedia
Extremfall vu kënschtlech produzéierter Loftonrou: Am verdichte gliddegen no ënne geriichten Ofgasstral vum Senkrechtstarter Harrier II verschwëmmt den Hannergrond

Als Loftonrou gëtt eng andauernd, méi oder manner staark Turbulenz vun der ënneschter Aerdatmosphär bezeechent, déi virun allem bei der Observatioun vun Himmelskierper mat groussen Teleskope stéiert. Donieft leiden och optesch Kommunikatiounsverbindunge vun der Buedemstatioun mat engem Weltraumsatellit ënner de selwechten opteschen Turbulenzen.

A kale Wanternuechte sinn déi optesch Auswierkunge vun der Loftonrou mat bloussem A dacks däitlech als "Fonkele vun de Stäre" festzestellen. Stäre fonkelen no beim Horizont méi staark wéi déi, déi um Zenit stinn, well d'Stäreliicht um Horizont däitlech méi Atmosphär duerchlafe muss wéi um Zenit an dofir a Richtung Zenit manner optesch Stéierungen huet. An der physikalescher Optik gëtt den Effet vum Fonkelen als Szintillatioun bezeechent.

Derzou kënnt eng – meeschtens nëmmen am Teleskop erkennbar – Bildbeweegung (hin an hier danzen) vum verwëschten (am Englesche blurring genannt) Stärebildchen oder Stärefleck. All dräi Effeten (Szintillatioun, Bildbeweegung, Bildonschäerft) ginn an der Astronomie ënner dem Begrëff Seeing zesummegefaasst behandelt.

Schlieren déi wéinst Ophëtzen entstinn nennt een och Hëtztflimmeren. Op Fotoen huet en dat Phenomeen besonnesch beim Gebrauch vu laange Brennwäiten. Sou ka Bildonschäerft entstoen oder eigentlech riicht Kante ginn als Wellelinnen ofgebilt.

Ursaachen[änneren | Quelltext änneren]

D'Loftonrou entsteet an éischter Linn duerch Temperatur- an Drockdifferenzen an der Äerdatmosphär, déi virun allem duerch déi ongläichméisseg Opwiermung vun der Äerduewerfläch duerch d'Sonn entstinn. Duerch d'Konvektioun kënne laminar Stréimungen, awer och turbulent Wierbelstierm oder Jetstreamen entstoen. Dat turbulent Duerchmësche vun der Atmosphär verännert de Refraktiounsindex an doduerch direkt déi optesch Eegenschafte vun der Atmosphär.

Dacks kënnt et zu weidere Stéierungen, wann de Liichtstral – eventuell an der Ëmgéigend vun engem Observatoire – knapps iwwer oder säitlech laanscht e waarme Objet féiert, wéi en (Hausdach, Kamäin, oder iwwer Dag opgewiermt Fielsen, Bëscher oder Motoren asw.). Och d'Gebai vum Observatoire kann d'Ursaach sinn, wann d'Kuppel an de Raum, méi waarm si wéi d'Owesloft dobaussen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie