Longvilly

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Longvilly
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Wopen Baaschtnech.jpg Baaschtnech
Telefonszon 061
Postcode 6600
Koordinaten 50° 01' 30" N
05° 50' 09" O

Longvilly ((de): Lingsweiler, (wa): Lonvli, regional och Loosweiler) ass eng Sectioun vun der belscher Stad Baaschtnech an der Provënz Lëtzebuerg, am Dall vun der Lingserbaach.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Longvilly eng eegestänneg Gemeng. Um Territoire vun der Uertschaft goufe verschidde Minerale fonnt wéi z.B Cerusit, Sphalerit, Pyromorphit a Bläiglanz.

Am Norde vun der Uertschaft war den Agank vun der Allerburer Bläiminn

Uertschaften, déi zu der fréierer Gemeng gehéiert hunn, sinn: Al-Hez, Arloncourt, Bourcy, Horritine, Michamps, Moinet an Oubourcy. Um Lieu-dit Chifontaine stoungen, an der Zäit wéi d'Grouf fonctionnéiert huet, Wunnenge vun de Biergaarbechter.

[änneren] Geschicht

Ëm 1222 huet d'Uertschaft Longunuiler geheescht.

Zu Longvilly goufen d'Reschter vun enger réimescher Villa fonnt an de Kiem vu Reims op Köln huet do laanscht gefouert. D'Uertschaft ass am 9. Joerhonnert entstanen, wéi d'Patere vun de Abtei Prüm do ugefaangen hunn d'Bëscher ëmzehaen fir Akerland unzeleeën. Si huet eng Zäit zur Meierei vu Bourcy gehéiert, an duerno zur Vogtei Baaschtnech.

Ënner dem franséische Regime hat Longvilly mat Moinet fusionnéiert an 1823 mat Arloncourt, Bourcy, Michamps an Oubourcy. Oubourcy koum aus der Gemeng Noville-lez-Bastogne derbäi.

1880 hunn nach 23% vun den Awunner Däitsch geschwat.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Longvilly – Biller, Videoen oder Audiodateien


Longvilly vu Süde gesinn


Blason ville be Bastogne.svg Uertschaften an der Gemeng Baaschtnech Blason ville be Bastogne.svg

Sectiounen: BaaschtnechLongvillyNovilleVillers-la-Bonne-EauWardin
Aner Uertschaften: Al-Hez · Arloncourt · Benonchamps · Bizory · Bourcy · Bras · Chifontaine · Cobru · Fagnoux · Foy · Hardigny · Harzy · Hemroulle · Horritine · Isle-la-Hesse · Isle-le-Pré · Livarchamps · Losange · Lutrebois · Lutremange · Luzery · Mageret · Marenwez · Marvie · Michamps · Moinet · Mont · Neffe · Oubourcy · Rachamps · Recogne · Remoifosse · Savy · Senonchamps · Vaux · Wicourt

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen