Loreen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Loreen

D'Lorine Zineb Noka Talhaoui, gebuer de 16. Oktober 1983 zu Stockholm, ass eng schwedesch Sängerin mat marokkanesch-berbereschen Originnen, déi ënner dem Kënschtlernumm Loreen optrëtt.

Inhaltsverzeechnes

Biographie[änneren]

Si ass d'Duechter vu marokkaneschen Elteren an ass zu Västerås a Südschweden opgewuess.

2004 ass si duerch hir Participatioun un der Castingshow Idol bekannt ginn, bei där si ënner dem Numm Lorén Talhaoui op déi véiert Plaz koum. No der Sendung huet si d'Lidd The Snake verëffentlecht. Si huet dunn als Fernsehmoderatorin geschafft an et blouf roueg ëm si als Sängerin.

2011 huet si beim Melodifestivalen deelgeholl, der schwedescher Virentscheedung fir de Grand Prix Eurovision. Si huet et awer mat hirem Lidd My Heart Is Refusing Me net gepackt, an ass ausgescheet.

2012 huet si nach eng Kéier beim Melodifestivalen matgemaach a konnt sech mat hirem Lidd Euphoria fir d'Participatioun beim Eurovision Song Contest zu Baku duerchsetzen. An der zweeter Halleffinall vum Grand Prix huet si d'éischt Plaz gewonn, an de 26. Mee 2012 an der Finall huet si dunn de Grand Prix fir Schweden mat 372 Punkte gewonnen.

Discographie[änneren]

Singlen
  • 2005: The Snake
  • 2011: My Heart Is Refusing Me
  • 2011: Sober
  • 2012: Euphoria

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Loreen – Biller, Videoen oder Audiodateien