Lormes

Vu Wikipedia
Lormes
D'Märei

D'Märei
D'Märei
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Nièvre
Arrondissement Clamecy
Kanton Corbigny
Postcode 58140

Communauté de Communes
des Portes du Morvan

Gemengecode 58145
Koordinaten 47° 17’ 27’’ N
      03° 49’ 06’’ O
Fläch  5 171 ha
Bevëlkerung  1 398 (1999)

Lormes ass eng franséisch Gemeng an dem Departement Nièvre an der Bourgogne-Franche-Comté, um Nordwestleche Bord vum Morvan.

Laanscht Lormes leeft e Kiem, dee vun Autun op Orléans gefouert huet. Fréier war Lormes un de Verkéier ugeschloss iwwer eng Schmuelspuerbunn, déi Lormes mat Corbigny a Saulieu tëscht 1901 an 1939 verbonnen huet. Op där Bunn gouf haaptsächlech Holz aus de Bëscher vum Morvan transportéiert.

Am Éischte Weltkrich hat Lormes näischt vum Krich ze spiere kritt, awer am Zweeten, haten d'Maquisarde sech an der Ëmgéigend an de Bëscher verstoppt. Déi bekanntst Plaz ass de Maquis Camille. Den 12. Juni 1944, nom Debarquement vun den Alliéierten an der Normandie, haten d'F.F.I., eng Attack op en däitsche Militärtransport gemaach. D'Wehrmacht huet dorop en ettlech Männer festgeholl. Aacht goufen der erschoss a véier an d'KZ verschleeft.

Zanter 1966 ass Lormes mat der klenger däitscher Stad Ulmen an der Äifel jumeléiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch Saint-Alban am neiromanesche Stil gebaut.
  • D'Kapell vum ale Schlass vu 1647.
  • D'Gorges du Narvau.
  • De Weier Étang du Goulot.
  • De Mont de la Justice mat 470 Meter vun deem en eng Vue op den Dall vun der Yonne huet.

Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lormes ass de Schrëftsteller Henri Bachelin 1879 op d'Welt komm.

D'Kierch Saint-Alban

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lormes – Biller, Videoen oder Audiodateien