Lothaire II. vu Loutrengen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lothaire II. vu Loutrengen

De Lothaire (oder Lothar) II., gebuer ëm 825 a gestuerwen den 8. August 869, war Kinnek vu Lotharingien, Säi Kinnekräich war dee mëttelsen Deel vum Lothaire I. vu Loutrengen sengem Räich, nërdlech vun der Bourgogne.

De Lothaire war den 2. Jong vum Lothaire I. an der Irmgard vun Tours.

Seng Fra Theutberga huet keng Kanner kënne kréien, sou datt de Lothaire se schliisslech, am Accord mat e puer Bëscheef, verstouss huet, fir sech 862 mat senger Maîtresse Waldrade ze bestueden. Mä d'Bridder vun der Kinnigin hunn de Poopst Nicolas I. dozou bruecht, dëst 2. Bestietnes z'annuléieren an d'Waldrade z'exkommunizéieren. De Lothaire ass extra op Roum gaangen, fir mam Poopst ze schwätzen, mä ass dann um Réckwee bei Piacenza gestuerwen.

Well d'Kanner aus sengem Bestietnes mat der Waldrade als Baaschterte gegollt hunn, gouf seng Ierfschaft, déi senge Bridder zoukomme sollt, tëscht senge Mononken, dem Ludwig dem Däitschen an dem Charel dem Plakapp, gedeelt. Dës geschouch am Traité vu Meerssen am Joer 870.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lothair II of Lotharingia – Biller, Videoen oder Audiodateien