Louheck

Vu Wikipedia
Louhecken um Pënzebierg

D'Louheck ass zu Lëtzebuerg an a verschiddene Géigenden an Däitschland d'Bezeechnung fir d'Bëschform vun niddregen Eechebëscher mat kuerzen Ëmdriffszäiten (20 bis 25 Joer), déi laang Zäit fir d'Produktioun vun der Lou ugeluecht goufen, an hautdesdaags nach d'Landschaftsbild am mëttleren a südlechen Deel vum Éislek markéiert.

Geschichtleches a Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Louhecke sinn am Éislek virun zirka 300 Joer ugeluecht ginn. Bis dohin hunn haaptsächlech Bichen an op waarme Südhäng och Drauweneeche gestanen. Obwuel d'Schiferbiedem am Éislek sech net ganz gutt gëeegent hunn, sinn dach déi meescht Louhecken am Norde vum Grand-Duché entstanen. Vereenzelt gouf et der awer och op der Musel a bei Iechternach, déi allerdéngs schonn 1903 erëm verschwonne waren.

Wéi am Ufank vum 18. Joerhonnert d'Lou aus den Eecheschuelen als Gierfstoff entdeckt gouf, kruten d'Eechen eng grouss wirtschaftlech Bedeitung. Sou koum et, datt ëm 1830 am Grand-Duché eng 100 Gierwereien implantéiert waren, déi haaptsächlech am Éislek louchen (eng 16 eleng zu Wolz). Den Héichpunkt vun de Louhecken huet mat der Ubannung vu Lëtzebuerg un den däitschen Zollveräin 1842 ugefaangen. Vun deem Zäitpunkt u war déi preisesch Arméi den Haaptclient vun der lëtzebuergescher Liederindustrie. Mat der grousser Nofro no Eecheschuele si schliisslech vill Bichebëscher mat Louhecken ersat ginn. Dobäi sinn haaptsächlech Stilleechen ugeplanzt ginn, déi bis dohin am Éislek kaum virkomm sinn. D'Louhecken hunn de Baueren an den Doléiner eng zousätzlech Akommesquell ginn, a schliisslech hunn déi vill Loumillen a Gierwereien nei Aarbechtsplazen an der Regioun geschaf.

Zanter 1870 ass et lues mat der wirtschaftlecher Bedeitung vun de Louhecke biergof gaangen. Vun do u si Gierfstoffer aus dem Ausland importéiert ginn, déi méi bëlleg waren, an de Virgank vum Gierwe verkierzt hunn. Kuerz Zäit drop sinn déi cheemesch Gierfstoffer op de Marché komm, déi an der Liederfabrikatioun benotzt ginn. Sou koum et, datt zanter dem Zweete Weltkrich am Grand-Duché kaum nach Lou gewonne gëtt.

Bewirtschaftung a Louschläissen[änneren | Quelltext änneren]

D'Louhecke goufen all 20-30 Joer, well dann de Gehalt un Tanin am héchsten ass, fir de Gebrauch vun der Schuel a vum Holz ëmgehaen (op de Stack gesat). D'Eeche kënne gutt aus dem Wuerzelstack nees nei ausschéissen, sou datt dat typescht Bild vun de Louhecke mat méi Stämm aus engem Wuerzelstack entsteet. Vun Zäit zu Zäit hunn déi al Wuerzelstäck mat neien Eeche missen ersat ginn.

E Stamm gëtt geschlass.

Virum Ëmhae vun den Eeche si schonn am Februar-Mäerz an de Louhecke Beem an Traisch mat Ausnam vun den Eeche geraumt an zu Brennholz verschafft ginn. Am Mee-Juni, wann d'Schuel sech am beschte vum Stamm erofhuele léisst, ass mam Schläisse vun der Lou ugefaange ginn. Dobäi ass fir d'éischt dat klengt Geäscht mat der Kromm erofgeschloe ginn a schliisslech op Maanshéicht d'Schuel ronderëm de Stamm ageschnidde ginn a mam Rësser zwee- bis dräimol an der Längt opgeschlitzt ginn. Mam Louschlëssel ass de Stamm geschielt ginn a schliisslech e Meter iwwer dem Buedem ugeseet ginn, sou datt de Stamm nach um Stomp hänke bliwwen ass an een en op Aarbechtshéicht beim Schläissen hat. All zwéi Meter gouf de Bamstamm nees ronderëm ageschnidden a geschielt. An der Héichzäit vun de Louhecken goufen och dënn Staangen an Äscht (Louklëppelen) geschielt. Déi Aarbecht, bei där d'Äscht mat engem Louhummer op engem Stack geklappt goufe bis d'Schuel sech geléist huet, ass haaptsächlech vu Kanner oder eelere Leit gemaach ginn. D'Lousträife sinn am Bësch virgedréchent ginn, dann zu ongeféier 25 kg schwéiere Loubierde gebëndelt an heembruecht ginn, fir se do schliisslech ganz ze dréchnen. D'Holz ass zu Brennholz zougeschnidde ginn.

Nom Ofholze vun den Eechen an ier sech en neie Bësch nees forméiere konnt, sinn d'Flächen dacks fir eng Tëschenzäit landwirtschaftlech benotzt ginn. Dobäi si fir d'éischt d'Laf an d'Holzreschter gesaangt ginn. Dat éischt Joer am Hierscht gouf Kar geséit, deen dat zweet Joer recoltéiert gouf a schliisslech am drëtte Joer ass Wëllkar ugeséit a recoltéiert ginn.

Liewensraum Louhecken[änneren | Quelltext änneren]

Grad well d'Louhecke kënschtlech entstane sinn, si s'en ofwiesslungsräiche Liewensraum. Jee no Alter bidden d'Louhecke verschiddenen Déieren- a Planzenaarten e Liewensraum. Well de gréissten Deel vun de Louhecken a Privatbesëtz ass a kleng Parzelle sinn, ass och nëmmen all Joer e klengen Deel op de Stack gesat ginn, sou datt e Mosaik aus Fläche vun ënnerschiddlechem Alter a Struktur entstanen ass.

Als charakteristesch Déierenaart, déi vum Strukturräichtum vun de Louhecke profitéiert, ass d'Bëschhong (Tetrastes bonasia). De scheie Bëschvull brauch Bëscher mat vill Traisch, déi him Deckung a Fudder bidden. Wann d'Louhecken net méi bewirtschaft ginn, da gëtt de Liewensraum Louheck fir d'Bëschhong oninteressant an et verschwënnt. En anert Déier wat Virdeeler aus de Louhecken zitt ass d'wëll Kaz (Felis silvestris).

Zukunft vun de Louhecken[änneren | Quelltext änneren]

Loufest am Kiischpelt[änneren | Quelltext änneren]

D'Loufest gëtt zanter 1995 all Joer um Pënzebierg bei Lellgen vun der Gemeng Kiischpelt an Zesummenaarbecht mam Naturmusée, der Forstverwaltung, der Akerbauschoul an enger Rei lokale Veräiner organiséiert.

D'Uleies vum "Loufest" ass, déi al Traditioun vum "Louschläissen" um Liewen z'erhalen an engem breede Publikum erëm bekannt ze maachen. Et ass déi eenzeg reegelméisseg organiséiert Manifestatioun zum Theema Louwirtschaft a ganz Europa.

Um Loufest gëtt d'Schläisse selwer, awer och aner Saache wéi forstlech Alternativen zur "Niederwaldbewirtschaftung", d'Schleefe mam Päerd, Holzschnëtzaarbechten, vill Informatiounen iwwer d'Geschicht, d'Traditiounen an d'Produkter vun der Louheck gewisen, net nëmmen um Pënzebierg, mä och op geféierte Wanderungen oder am Musée-Bus.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 2006. D'Louhecken zu Lëtzebuerg. Broschure, 19 S. 2. Oplo. Administration des eaux et forêts. Graphic Press, Mamer.
  • Alwin Geimer, 2007. Lohheckenland. De Cliärrwer Kanton 1/2007: 29-36.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louheck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. d'Loufest op der Websäit vum Syndicat d'initiative Kiischpelt