Louis Simmer

Vu Wikipedia
Louis Simmer
Gebuer 26. Abrëll 1889
Keel
Gestuerwen 28. Mäerz 1987
Lëtzebuerg
Aktivitéit Fonctionnaire

De Louis Simmer, gebuer de 26. Abrëll 1889 zu Keel,[1] a gestuerwen den 28. Mäerz 1987 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war een héije lëtzebuergesche Staatsbeamten.

Nodeems hien als Professer am Stater Kolléisch an am Stater Meedercherslycée geschafft hat, ass hien 1916 an d'Verwaltung, déi fir den Enseignement verantwortlech war, iwwergewiesselt.[3]

Säin 1926 publizéiert Buch iwwer d'Geschicht vum Léierpersonal am Primär zanter 1815 gouf laang als Standardwierk betruecht.

De 16. Juni 1934 gouf hien zum Conseiller de Gouvernement ernannt.

Wärend den éischte Méint vun der Occupatioun am Zweete Weltkrich, war hie Member vun der Verwaltungskommissioun, zoustänneg fir d'Ëffentlech Erzéiung, fir d'Konscht a fir d'Wëssenschaften, awer och fir d'Kulten. Am Rapport Artuso[4] gëtt seng Haltung an der Juddeverfollgung ganz kritesch betruecht.

Nom Zweete Weltkrich war hie Member vun der Conférence de St. Vincent de Paul.

1949 goung de Louis Simmer an d'Pensioun.[5]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Louis Simmer, Étude sur la formation du personnel de notre enseignement primaire depuis 1815; Lëtzebuerg (Jos. Beffort), 1926, 134 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Félix Heuertz & Charles Lang, Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg (1839-1922) - Travail statistique de Félix Heuertz (1922) complété par Charles Lang (1967); Lëtzebuerg (Ministère de l'Éducation nationale), 1967; fir de Louis Simmer, vgl. Ss. 90-91!

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lang, Charles, 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 90-91.
  2. Luxroots.com
  3. "Unterrichtswesen" am Luxemburger Wort vum 13. Mee 1916.
  4. La « question juive » au Luxembourg (1933-1941): L'Etat luxembourgeois face aux persécutions antisémites nazies. Rapport final remis au Premier ministre le 9 févirer 2015. Uni Lëtzebuerg, 2015. PDF Download bei rtl.lu; PDF-Download bei gouvernement.lu.
  5. Luxemburger Wort, 8. Dezember 1949.
  6. Memorial N°5 vun 1935 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la Couronne de chêne dekoréiert goufen