Louis Antoine vu Bourbon-Condé

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Louis Antoine vu Bourbon-Condé

De Louis Antoine Henri vu Bourbon-Condé, Herzog vun Enghien, gebuer den 2. August 1772 zu Chantilly, a gestuerwen den 21. Mäerz 1804 zu Vincennes, war e franséische Prënz, a Géigner vun der franséischer Revolutioun. Hien huet am Emigrantekorps gekämpft a gouf op Uerder vum Napoléon zu Ettenheim a Baden festgeholl, an 1804 am Schlass vu Vincennes erschoss.

Hie war de Bouf vum Louis Henri Joseph vu Bourbon Condé.

Commons: Louis Antoine de Bourbon-Condé – Biller, Videoen oder Audiodateien