Louis Fuchs

Vu Wikipedia
Louis Fuchs
Gebuer 9. Mee 1818
Gestuerwen 26. Mee 1904
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Landschaftsarchitekt


De Louis Fuchs, gebuer den 9. Mee 1818 a gestuerwen de 26. Mee 1904, war e belsche Landschaftsarchitekt, deen zu Lëtzebuerg géint 1867 geschafft huet. Hie war eng Zäit Beroder wéi d'Festung ofgerappt gouf, a Responsabele fir d'Boulevarden an de Park vun der Stad unzeleeën, gouf awer vum Edouard André ersat.

An der Belsch hat hie sech en Numm gemaach, well hie vill Gäert vu grousse Proprietéiten amenagéiert hat.

Hie war den éischte Professer deen 1860 um deemools frësch gegrënnten Institut agricole de Gembloux aus där d'Faculté universitaire Sciences agronomique et de l'École de Médecine vétérinaire de Curegem entstanen ass, Schoul op der École d'horticulture zu Vilvoorde, iwwer d'Architektur vun den Zären an de Gäert gehalen huet.

De Louis Fuchs e gebiertege Preis vu Bramen hat säin Handwierk an Däitschland geléiert, a koum duerno an d'Belsch, wou e Chef vun de Gäert vum Herzog vun Arenberg gouf. Hien huet bis 1902 Schoul zu Vilvoorde gehalen.

Hien huet eng Zäit laang mat dem deemools beschbekannte franséischen Architekt Barillet-Deschamps zesummegeschafft, an och mat dem Émile Janlet dem Monni vum besser bekannte Jules Janlet.

De Louis Fuchs gëtt als den éischte belsche Landschaftsgäertner ugesinn.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]