Louis II. vu Frankräich

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Louis II. vu Frankräich

De Louis II. genannt den Tuddeler, gebuer 846, gestuerwen 879 zu Compiègne, war deen eenzege Jong vum Charles II. dem Plakapp, deen iwerlieft hat.

Am Februar 856, wéi säi Papp nach gelieft huet, gouf e Kinnek, woubäi e warscheinlech Neustrien krut; am Mäerz 867 krut en d'Aquitaine als Ënnerkinnekräich. Nom Doud vu sengem Papp, de 6. Oktober 877, gouf en de 7. September 878 vum Poopst Jean VIII. zu Troyes zum Kinnek gekréint. Mee schonn dat Joer drop ass en zu Compiègne gestuerwen, wou en och begruewe gouf.

[änneren] Nokommen

Éischt Bestietnes: am Mäerz 862 mam Ansgarde, der Duechter vum Grof Harduin; 866 nees gescheed, d'Ansgarde ass op engem 2. November gestuerwen, méiglecherweis 879.

Zweet Bestietnes: géint 875 mam Adelheid, der Duechter vum Adalhard, déi den 18. November warscheinlech 901 gestuerwen ass.

Commons: Louis II of France – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen