Louis Marie de Lescure

Vu Wikipedia
Louis Marie de Lescure
Gebuer 13. Oktober 1766
Versailles
Gestuerwen 4. November 1793
La Pellerine
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Militär

De Louis-Marie de Salgues, Marquis de Lescure, gebuer zu Versailles den 13. Oktober 1766, gestuerwen zu La Pellerine, (Mayenne) den 3. November 1793 war e franséischen Adelegen a Generol am Krich an der Vendée.

Hie war de Jong vum Marie-Louis-Joseph de Lescure an der Jeanne de Durfort de Givrac. D'Famill Lescure koum ursprénglech aus dem Albigeois, wou nach virun der Franséischer Revolutioun d'Schlass um Ufer vum Tarn ze gesi war. Säi Papp ass 1784 gestuerwen, an huet sengem Jong net vill hannerlooss, bal d'ganz Verméige war verspillt.

De Louis Marie de Lescure huet et trotzalledem geschafft 1791 duerch d'Hochzäit mat senger Kusin Victoire de Donnissan eng gutt Partie ze maachen. Hie war de Cousin vum Henri du Vergier de La Rochejacquelein, engem aneren Held vum Krich an der Vendée. De Journalist Pierre Lescure ass ee vu sengen Nokommen.

Virun der Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

De Lescure war e Schüler an der Militärschoul. Wéi hie mat 16 Joer an d'Welt vun den Erwuessene komm ass, war hie ganz anescht wéi aner Jugendlecher a sengem Alter a vu sengem Stand. Hie war schei an huet net vill geschwat ; hien huet souzesoen isoléiert an der Mëtt vun enger lieweger a frivoler Gesellschaft gelieft. Hie war och zimmlech fromm. Kuerz virun der Revolutioun krut hien eng Kavaleriescompagnie am Regiment vu Piémont.

De Lescure an d'Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Um Ufank vun der Revolutioun war de jonken Offizéier, deen eng grouss Kultur hat an dräi Sprooche geschwat huet, net komplett géint déi nei Iddien.

Zu där Zäit hat d'Emigratioun schonn ugefaangen. De Lescure a vill aner Gentilshommes vum Bas-Poitou wollten dësem Beispill net onbedéngt nogoen. Allerdéngs krut hien nom Fluchtversuch op Varennes Angscht, agespaart ze ginn, well hien dem Kinnek trei war, an hien ass fir eng kuerz Zäit am Juni 1791 emigréiert. Nees zeréck a Frankräich war hien ee vun de Verdeedeger vum Louis XVI. bei den Evenementer vum 10. August 1792. Duerno huet hie sech op säi Schlass vu Clisson (Poitou) zeréckgezunn, a vill vu senger Famill empfaangen, déi vu Paräis a virun der Terreur geflücht waren.

D'Bauere vum Poitou déi schonn an hirer reliéiser Meenung blesséiert gi waren, a gesinn hunn, wéi d'grouss Proprietär verfollegt goufen, waren elo duerch d'Levée en masse och un der Rei. Si wollten neg follegen, an hu sech revoltéiert ; hiren éischte Gedanke war et, hir Hären als Cheffen erauszesichen: d'Bauere ronderëm Châtillon sinn op Clisson bei de Lescure komm, fir de La Rochejaquelein, säi Cousin, sichen ze kommen, dee Lännereien an hire Paren hat.

D'Virée de Galerne.

Nodeem de La Rochejaquelein fort war, an d'Bauere ronderëm Clisson lues a lues noginn hunn, war de Lescure de republikanesche Verfollegungen ausgeliwwert: hie gouf mat senger ganzer Famill an de Prisong zu Bressuire bruecht. No e puer Deeg koum hien awer nees fräi, d'Arméi vun der Vendée huet Bressuire ageholl. Vun do un huet hien zu den éischte Cheffe vun dëser Arméi gezielt, d'Bauere vu sengem Kanton sinn him gefollegt.

D'Vendée[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem den Triumph vun der Revolutioun decidéiert gi war, ass de Lescure an d'Vendée gaangen, an huet den éischten Opstand ugestëppelt. Vun Ufank un an op de Wonsch vu senge Baueren, huet hie sech un d'Spëtzt vum Opstand gestallt.

Schonn an den éischten Deeg huet hien d'Vendéens iwwerrascht, andeems hien als éischten op eng barrikadéiert Bréck virun Thouars gestiermt ass, déi vu republikaneschen Truppe bewaacht gi war (25. Mee 1793). Hien ass och a Fontenay gestiermt, och wann d'Leit an engem éischte Moment net nogezu sinn, well hie presséiert war, d'Prisonéier ze befreien (16. Mee 1793). Zu Saumur gouf hie blesséiert, mä d'Stad konnt ageholl ginn. An der Schluecht vun Tiffauges, der leschter grousser Victoire vun de Vendéens um rietsen Ufer vun der Loire huet de Lescure de Baueren entgéint geruff: «Y-a-t-il quatre cents hommes assez braves pour venir périr avec moi? - Oui, monsieur le marquis !» hunn d'Leit aus der Par vun Echaubrognes geentwert. No dem Versuch Nantes unzegräifen (29. Juni 1793) huet sech de Lescure zu Bussières installéiert, vu wou aus hie versicht huet, d'verspreeten Truppe vun der Kathoulesch a kinneklecher Arméi nees zesummenzeruffen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Krich an der Vendée.

D'Virée de Galerne[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem hien aus sengem Generalquartéier vum François-Joseph Westermann verdriwwe gi war, gouf hie bei La Tremblaye déidlech blesséiert, a gouf vu senge Männer nom Desaster vu Cholet matgeschleeft (Virée de Galerne).

De Lescure huet awer weiderhi Rotschléi ginn, an et gouf Hoffnungen, datt seng Blessure net ze vill schlëmm wier. Hien huet dozou bäigedroen, datt de La Rochejaquelein zum Chef vun der Arméi ernannt ginn ass. Nodeem d'Arméi iwwer d'Loire komm war, ass hie weider mat hinnen duerch den Anjou an duerch d'Bretagne gezunn. Seng Blessure ass allerdéngs ëmmer méi schlëmm ginn.

An de Mémoires vu senger Wittfra erzielt si déi laang Agonie vu sengem Doud. De Lescure, deen och "Saint du Poitou" genannt ginn ass, ass ënnerwee tëscht Ernée a Fougères den 3. November 1793 gestuerwen. Hie gouf op enger onbekannter Plaz begruewen, warscheinlech fir Evenementer wéi beim Bonchamps ze verhënneren, deem d'Republikaner no sengem Doud de Kapp erofgeschlo haten, fir en un d'Convention ze schécken.

Seng Fra, déi mat him an d'Vendée gezu war, gouf méi spéit als Wittfra ënner dem Numm Mme de La Rochejacquelein berüümt. Si war am Exil bis 1816 an huet um Ufank vun der Restauratioun hir Mémoires verëffentlecht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Virée de Galerne.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • « Louis Marie de Lescure » in: Charles Mullié, Biographie des célébrités militaires des armées de terre et de mer de 1789 à 1850, 1852.
  • « Louis Marie de Lescure » in: Louis-Gabriel Michaud, Biographie universelle ancienne et moderne: histoire par ordre alphabétique de la vie publique et privée de tous les hommes avec la collaboration de plus de 300 savants et littérateurs français ou étrangers, 1843-1865.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.