Louis Pasteur

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Louis Pasteur 1878. Foto vum Nadar.

De Louis Pasteur, (* 27. Dezember 1822 zu Dôle (F); † 28. September 1895 zu Marnes-la-Coquette), war e franséische Wëssenschaftler.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen

De Louis Pasteur ass zu Paräis an d'Schoul gaangen an huet do och Physik studéiert. Am Joer 1846 huet hie seng Prüfung an der Physik bestanen. No senger Promotioun ass hien op Dijon, duerno op Stroossbuerg gaangen.

1863 gouf hie Professer fir Naturwëssenschaften zu Paräis an 1867 krut hien eng Plaz als Professer an der Chimie un der Sorbonne.

Hien huet 1888 zu Paräis d'Pasteur-Institut gegrënnt.

[änneren] Seng Aarbechten

A fréieren Aarbechte konnt hie beweisen, datt de Wäin duerch Bakterie sauer gëtt an datt et änlech bei der Mëllech wier. Fir datt d'Mëllech méi laang soll gutt bleiwen, huet hien e Procédé entwéckelt, bei dem d'Mëllech ënnert Drock op héich Temperaturen erhëtzt gëtt. Dëse Procédé gëtt haut och nach benotzt, et ass di sougenannte Pasteuriséierung.

De Pasteur huet ausserdem erkannt, datt verschidde Krankheeten duerch Organismen ausgeléist ginn, déi de Kierper vu baussen ugräifen an e konnt beweisen, datt Mëlzbrand duerch Bakterien ausgeléist gëtt.

De Pasteur huet d'Impfung géint Tollwut entweckelt. De 6. Juli 1885 ass an sengem Laboratoire an der ' rue d'Ulm ' zu Paräis de 9 Joer alen Elsässer Joseph Meister (1876-1940), dee vun engem rosenen Hond uerg gebass gi wor, mat Erfolleg géint d'Tollwut geimpft ginn.[1]


[änneren] Referenzen

  1. Cf. Massard, Jos. A. (1985): Zum hundertsten Jahrestag der ersten Tollwutimpfung. - Tageblatt 1985, Nr. 154 (6. Jul.): 8; Nr. 159 (13. Jul.): 9. PDF 360 Ko

[änneren] Um Spaweck

Commons: Louis Pasteur – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools