Louis Petit

Vu Wikipedia
Louis Petit
Gebuer 25. Dezember 1890
Lëtzebuerg
Gestuerwen 7. August 1953
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

De Louis Petit gebuer de 25. Dezember 1890 zu Lëtzebuerg a gestuerwen de 7. August 1953 war e lëtzebuergesche Museker.

Ganz fréi intresséiert de Louis Petit sech fir d'Musek. De Piano an d'Flütt si seng léifsten Instrumenter. Hie studéiert am Stater Conservatoire, duerno geet hien op Paräis, Wiesbaden a Wien.

1926 ass hie Privat-Enseignant zu Esch-Uelzecht. Hie grënnt zu Lëtzebuerg d'Gesang- an d'Theatergesellschaft Alstadkanner. Vun 1917 un iwwerhëlt hie wärend 25 Joer d'Leedung vun der Chorale Uelzecht. 1923 ass hien ee vun de Grënner vun der Ecole municipale de musique vun Esch. Hie gëtt zu Esch Musekscoursen am Meederchers- an am Jongelycée.

Wärend der Besatzungszäit muss hien den Enseignement verloossen, an hien ënnerbrécht all ëffentlech Aktivitéit. 1946 gëtt hie musikaleschen Direkter vun der UGDA, Sektioun Gesank.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Gesangsolo a Piano[änneren | Quelltext änneren]

  • 1913 Verlaangeren
  • 1913 Je meurs, je n'ai que 16 ans
  • 1915 Mort d'un Lorrain
  • 1916 Manyla
  • 1921 An der Friemt
  • 1926 Domino
  • 1931 Mein Himmelreich
  • 1931 Bookemäilchen
  • 1934 E Weesekand
  • 1934 Onst Land
  • 1936 Colombine
  • 1937 Le Matin
  • 1944 Gebied fir ons Jongen
  • 1950 Schlofliddchen

Chorale[änneren | Quelltext änneren]

  • 1920 Bergmannslos
  • 1928 Sängermarsch
  • 1931 O Salutaris
  • 1933 De Fuuss op Wahltournee
  • 1935 Léiwe Villchen
  • 1935 Den ale Landsträicher
  • 1937 Musik a Gesank
  • 1937 Extase
  • 1937 Sängergrouss
  • 1937 De Léierche séngt
  • 1938 Welke Blätter
  • 1939 Mäi klengt léift Lëtzebuerg
  • 1939 Mir wëlle fräi sinn
  • 1941 Patriae fideles
  • 1943 Pie Jesu
  • 1945 Ave Maria
  • 1946 Graflidd
  • 1947 Rous vu Lëtzebuerg
  • 1949 Verbandshymne

Orchesterwierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1918 Elégie
  • 1920 Alstadkanner, UGDA
  • 1949 Lilientanz, Marche de la télévision

Theatermusek[änneren | Quelltext änneren]

  • A läschter Stonn
  • Summerkur am Mëllerdall (Operett an 3 Akten)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

De Louis Petit am Musikerlexikon

Quell[änneren | Quelltext änneren]