Louis Pilot

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Louis Pilot, gebuer den 11. November 1940 zu Esch-Uelzecht ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.[1]

De Louis Pilot huet seng Carrière als Foussballspiller 1957 bäi der CS Fola Esch ugefaang wou hie bis 1960 bliwwen ass wéi hie bäi de Standard Léck gewiesselt ass wou hie Profi-Foussballspiller gouf. Hien ass bis 1972 bei dem Veräin bliwwen a war duerno vun 1972 bis 1975 beim Royal FC Antwerpen ier hien beim Racing Jet Bréissel vun 1975 bis 1978 seng lescht Matcher spillt.[2]

Tëschent dem 11. November 1959 an dem 26. Mee 1977 huet de Louis Pilot 50 mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt an dobäi 7 Goaler Geschoss[3]

De Louis Pilot gouf 2004 vun der FLF, am Kader vum UEFA-Cinquantenaire, als beschte lëtzebuergesche Foussballspiller vun de leschte 50 Joer gewielt a koum domat op d'Lëscht vun den 52 UEFA Golden Players.

No senger Carrière als Foussballspiller war de Louis Pilot Foussballtrainer. Vum 7. Oktober 1978 bis den 9. Juni 1984 war hien Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalequipe, déi an där Zäit 38 offiziell Matcher gespillt huet.[4] Duerno vun 1984 bis 1985 war hie beim Standard Léck, vun 1985 bis 1998 beim FC Etzella Ettelbréck vu wou hien bäi den Avenir Beggen gaang ass wou hie bis 1990 bliwwen ass. 1990 huet hien nach bis zum Schluss vum Joer den FC Etzella Ettelbréck trainéiert.[5]

Kuckt och [änneren]

Virdrun Olympic rings with white rims.svg  Sportler vum Joer  Olympic rings with white rims.svg Duerno
Charles Sowa 1968 - 1969 Nicolas Koob


Referenzen [änneren]