Louis VI. Henri vu Bourbon-Condé

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Louis Henri Joseph vu Bourbon-Condé.

De Louis VI. Henri Joseph vu Bourbon-Condé war e franséische Prënz vum Blutt, deen den 13. Abrëll 1756 zu Paräis op d'Welt komm ass, an de 27. August 1830 um Schlass vu Saint-Leu gestuerwen ass. Hie war den 9. Herzog vun Enghien (1756-1772), spéider Herzog vu Bourbon (1772-1818) an nom Doud vu sengem Papp am Joer 1818, den 9. – a leschte – Prënz vu Condé.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Louis VI. Henri war den eenzege Jong vum Louis V. Joseph vu Bourbon-Condé (1736-1818), Prënz vu Condé an der Prinzessin Charlotte vu Rohan-Soubise (1737-1760).

De Louis Henri Joseph huet sech 1770 mat der Louise-Marie-Thérèse-Bathilde vun Orléans (1750-1822) bestuet, der Duechter vum Louis-Philippe vun Orléans (1725-1785) an der Louise Henriette vu Bourbon-Conti (1726-1759).

De jonke Condé hat grad 15 Joer, wéi hie bestuet ginn ass, a gouf als ze jonk ageschat, fir d'Bestietnes ze konsuméieren. Seng Fra huet sech direkt no der Zeremonie an e Klouschter zréckgezunn, wou hie si entfouert huet. Zesummen hate si ee Jong, de Louis Antoine vu Bourbon-Condé (1772-1804), Herzog vun Enghien, deen den Napoléon Bonaparte — dee vun engem royalistesche Komplott ronderëm de Cadoudal an de Pichegru héieren hat, an de Prënz fir de Kapp dovu gehalen huet — duerch seng Geheimpolice entféiere gelooss huet, an deen den 21. Mäerz 1804 am Schlass vu Vincennes erschoss gouf1.

1778 koum et bei engem Maskebal zu enger Ausernanersetzung tëscht der Herzogin vu Bourbon an dem Grof vun Artois, Brudder vum Kinnek. Fir dësen Affront ze rächen, huet sech de Condé mat sengem Cousin am Bois de Boulogne en Duell geliwwert. Zwee Joer méi spéit, 1780, huet hie sech vu senger Fra getrennt, well si sech an engem Theaterstéck iwwer d'Haus Condé lëschteg gemaach hat.

Hien hat duerno zwee Meedercher mat enger Sängerin vun der Opéra, der Mlle Marguerite Catherine Michelot :

  • Adélaïde Charlotte Louise (1780-1874), déi 1803 zu London de Patrice Gabriel vu Montessus, Grof vu Rully (†1831) bestuet huet, a spéider de Guy de Chaumont, Grof vu Quitry, Kummerhär vum Keeser Napoléon ;
  • Louise Charlotte Aglaé (1782-1831).

Als Pair de France, war de Condé Gouverneur vun der Franche-Comté.

1789 ass hien zesumme mat sengem Papp a sengem Jong emigréiert. Hien huet an der Arméi vu sengem Papp gekämpft bis 1792, duerno ass hien an Holland gereest, fir seng eegen Arméi op d'Been ze stellen. 1795 huet hien zesumme mam Grof vun Artois d'Expeditioun an d'Vendée geplangt, déi ofgebrach gouf. 1801 huet hie sech zesumme mat sengem Papp zu London néiergelooss.

1814 ass hien nees a Frankräich zréckkomm. Während de Cent-Jours, huet hie versicht, eng royalistesch Resistenz am Anjou op d'Been ze stellen, duerno ass hien a Spuenien geflücht. Während der Restauratioun gouf hien zum Grousse Kummerhäer ernannt.

Während senger Emigratiounszäit zu London huet hien 1810 d'Sophie Dawes kennegeleiert, en einfacht Déngschtmeedche wat hien zu senger Maîtress gemaach huet, an deem hien eng Ausbildung erméiglecht huet. Si war mat him a Frankräich gezunn, an nodeem hie sech iwwerluecht hat, sech vun hir ze trennen, huet hie si mam Baroun vu Feuchères bestuet.

1829 huet de Condé en Testament ënnerschriwwen, an deem hien der Baroness vu Feuchères 2 Millioune Frang souwéi seng Schlässer a Lännereie vu Saint-Leu, Taverny, Enghien, Montmorency a Mortefontaine vermaach huet, sou wéi och e Pavillon am Palais Bourbon, an d'Schlass vun Écouen ënner der Konditioun datt datt zu engem Weesenheem ëmgebaut géif ginn, fir d'Kanner vun den Zaldoten aus den Arméie vu Condé a Vendée. De Rescht vu sengem Räichtum - ënner anerem d'Schlass vu Chantilly - huet hie sengem klengen Neveu dem Herzog vun Aumale vermaach. De klengen Herzog, dee grad 8 Joer al war, stoung un der Spëtzt vum gréisste Räichtum vu Frankräich. No sengem Doud 1897 huet den Herzog vun Aumale säi Besëtz — « le domaine de Chantilly dans son intégrité, avec ses bois, [...], ses édifices et ce qu'ils contiennent, trophées, tableaux, livres, archives, objets d'art » — dem Institut de France vermaach.

De Moie vum 27. August 1830, kuerz nodeem d'Julimonarchie ausgeruff gi war, gouf de Condé erhaangen a sengem Zëmmer am Schlass vu Saint-Leu fonnt. Näischt am Liewe vum Prënz, dee sech den Owend virdru ganz normal schlofe geluecht hat, huet op e Suizidversuch higedeit. Sou koum et ënner de Legitimiste séier zu Rumeure vun enger Ermuerdung, an de Louis-Philippe I. an d'Kinnigin Marie-Amélie goufe beschëllegt, si hätte sech de Räichtum vum Prënz wëllen ënner den Nol rappen2.

Den Abt Pellier de Lacroix huet ëffentlech deklaréiert, datt de Prënz vu Condé onschëlleg u sengem Doud war, dat heescht datt hie sech net selwer ëmbruecht huet. Haut geet d'Thes a Richtung Accident, well de Prënz vu Condé wuel eng Virléift fir d'Strangulatioun hat. D'Baroness vu Feuchères soll och deen Owend nees bei him gewiescht sinn, an et koum zu enger méi stiermescher Seance wéi soss, ob elo Accident oder Ermuerdung ass eng aner Saach. D'Baroness soll duerno zesumme mat hirem Brudder d'Suizid-Zeen gestallt hunn3. Mä och wann d'Baroness verdächtegt gouf, konnt d'Enquête net beweisen, datt et eng kriminell Dot war4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: Riets geet hei vun der tragescher Episod vun der "Ermuerdung vum Herzog vun Enghien", deen d'Royalisten awer net dovun ofgehalen huet, sech dem Napoléon unzeschléissen, wéi dëse mam Etablissement vum Empire seng Muecht behaapte konnt.
2: D'These vun der Ermuerdung seet ouni Beweiser, datt de Prënz, deen duerch d'Trois Glorieuses verstéiert war, a weiderhin der legitimer Monarchie trei war, sech entschloss hätt, säin Testament wat den Herzog vun Aumale begënschtegt huet, zréckzezéien, a säi Verméigen dem Herzog vu Bordeaux ze vermaachen. De Louis-Philippe wier heivu gewuer ginn, an hätt d'Barounin vu Feuchères an hire Brudder ugestallt, de Condé ëmzebréngen, sou datt et wéi e Suizid géif ausgesinn. Bei dësen Uschëllegungen hu sech d'Orléaniste beméit, de ze weisen datt de Prënz mam neie Regime averstane war: hien hat den Tricolore ugeholl, 10.000 Francs fir d'Blesséiert vun den Trois Glorieuses geschéckt, an andeems hie sech entschëllegt hätt, well hien net bei der Kréinung vum Louis-Philippe dobäi war, hätt hien dësen soumat unerkannt. Och wann dës Fakte sécher sinn, sou ass net kloer wéi seriö de Prënz et mat sengem Ralliement gemengt huet. Et schéngt ës wéi wann den ale Condé onsécher war, an en Deel vu sengem Entourage vun enger neier Emigratioun geschwat huet. D'Kinnigin Marie-Amélie war iwwregens den 20. August zu Saint-Leu, fir de Condé ze versécheren, datt hie sech keng Suerge misst maachen.
3: D'Legimisten hunn ënner sech folgende Spréchelche gäere verzielt: « Mme de Feuchères, cette petite baronne irlandaise, qui a tout l'air d'une espagnolette. » (Guy Antonetti, Louis-Philippe, S. 630)
4: 1831-1832 huet den natierlechen Ierwe vum Condé, de Prënz vu Rohan ouni Erfolleg versicht, d'Mme de Feuchères juristesch ze verfollegen, fir d'Testament annuléieren ze loossen.


Virgänger:
Louis V. Joseph
Prënz vu Condé
Armes Bourbon-Condé.png

1740 - 1818
Nofolger:
Enn vum Titel
Commons: Louis VI Henri de Bourbon, Prince de Condé – Biller, Videoen oder Audiodateien