Loutrengen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Loutrengen - Lorraine
Blason Lorraine grand.PNG
Departementer Blason Meurthe-et-Moselle.svg Meurthe-et-Moselle (54)
Blason Meuse.svg Meuse (55)
Wopen Departement Moselle.svg Moselle (57)
Blason Vosges.svg Vosges (88)
Préfecture Metz
Awunner 2 343 000 Awunner
Bevëlkerungsdicht 98 Aw./km²
Fläch 23 547 km²
Arrondissementer 19
Kantonen 157
Gemengen 2 339
Lorraine map.png


Loutrengen (fr.: Lorraine) ass eng Regioun am Nord-Osten vu Frankräich. D'Awunner sinn d'Loutrenger (fr.: Lorrains a Lorraines).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

Loutrengen ass déi eenzeg franséisch Regioun déi eng Grenz mat dräi Länner deelt, nämlech mat der Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland. Ausserdeem ass Loutrengen d'Nopeschregioun vum Elsass, der Regioun Champagne-Ardenne an der Franche-Comté.

Dës Situatioun ass op strategeschem Plang e kloeren Avantage fir d'Regioun.

  Méi doriwwer am Artikel Geographie vu Loutrengenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Geschicht

Den Ursprong huet Loutrengen am karolingeschen Kinnekräich Lotharingie. Wéi d'Kinnekräich verschwënnt, gëtt vu béide Säiten u Loutrengen gerappt, vum Hellege Réimesche Räich a vu Frankräich. Obwuel d'Räich ufanks nach d'Nues fir huet, verléieren d'Keeseren awer am Laf vun der Zäit ëmmer méi d'Kontroll iwwer Loutrengen, zu Gonschte vu Frankräich. Trotz de méi rezenten däitsche Versich vun 1870 an 1940 gehéiert Loutrengen awer definitiv zu Frankräich.

  Méi doriwwer am Artikel Geschicht vu Loutrengenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Administratioun

  Méi doriwwer am Artikel Regionale Conseil vu Loutrengenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Economie

Mat 44 Milliarden Euro produzéiert Loutrengen 3,4% vum franséische BIP, wat d'Regioun op déi 8. Plaz vun den 22 Regioune bréngt. D'Servicer fir Entreprisen an d'Logistik sinn déi zwee Sekteuren, wou een déi stäerkste Progressioun feststelle kann. Parallel dozou verschlechtert sech d'Situatioun vun den traditionellen Industrien (Textil, Metallurgie). Konsequenz dovunner ass en héije Chômage-Taux.

  Méi doriwwer am Artikel Economie vu Loutrengenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Kultur

Duerch seng geographesch Lag war a Loutrengen zu allen Zäiten en Austausch tëscht franséischer a germanescher Kultur. Sou hu vill Saache sech mol als éischt a Loutrengen verbreet, éier de Rescht vu Frankräich eppes dovunner matkritt huet. Aus Loutrengen kommen och vill kulturell Tendenzen, wouvunner déi bekannteste wuel den Art nouveau ass, deen a Frankräich vun der École de Nancy verbreet gouf.

  Méi doriwwer am Artikel Kultur vu Loutrengenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Sprooch

[änneren] Wierderbicher iwwer de loutrengesche Patois

  • [1] En Online-Vocabulaire "Du Pays Messin au sud des Vosges, en passant par Fraimbois".
  • [2] Dem Lucien Adam säi Buch "Les patois lorrains" vun 1881 als pdf-Datei op "Gallica".
  • [3] Dem Jaclot säi Buch "Vocabulaire patois du pays messin" vun 1995 als pdf-Datei op "Gallica".
  • [4]. Eng Online-Versioun vum "Wörterbuch der elsässischen Mundarten" vun 1899-1907. Iwwerschafft vum Ernst Martin a vum Hans Lienhart.
  • [5] Online-Versioun vum "Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten" vun 1909, iwwerschafft vum Ferdinand Follmann. D'Buch ass eigenlech en Idiotikon, et faasst nëmmen déi Wierder, déi anescht sinn ewéi déi vun der Schrëftsprooch.

  Méi doriwwer am Artikel Loutrengesche Patoisan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. Nuvola apps xmag.png

[änneren] Bekannte Loutrenger

[änneren] Literatur

  • Géologie et géographie de la Lorraine. A. Lexa-Chomard et C. Pautrot (sous la direction de). Editions Serpenoise, 2006. 286 S.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools