Louvain-la-Neuve
Louvain-la-Neuve, mat ronn 10.000 Awunner gehéiert zu der Stad a Gemeng Ottignies-Louvain-la-Neuve an der belscher Provënz Wallounesche Brabant.
Et ass déi jénkste Stad an der Belsch. Si gouf 1968 gegrënnt wéinst Sproocheproblemer tëscht de Flammänner an de Wallounen déi derzou gefouert hunn, datt d'Kathoulesch Universitéit vu Léiwen an zwee gespléckt huet misse ginn: een Deel fir déi flamännesch Studenten an een Deel fir déi franséisch-sproocheg zu Louvain-la-Neuve.
Inhaltsverzeechnes |
Hannergrënn zur Grënnung [änneren]
Bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert huet d'Belsch als e franséischsproochegt Land gegollt. De Kinnek huet franséisch geschwat a sämtlech legal Texter sinn an derselwechter Sprooch verfaasst ginn. De Flammänner hir Kultur ass iwwerdeems ënnerdréckt ginn.
D'Flamänner hunn dowéinst ëmmer méi staark mobil gemaach fir eng Unerkennung vun hirer eegener Sprooch, d'Flamännesch, en hollänneschen Dialekt. D'Land huet sech an de Joerzéngten dono ëmmer méi zu engem Federalstaat entwéckelt: Regiounen a Sproochcommunautéite si gegrënnt ginn, wat mat sech bruecht huet, datt d'Erzéiung eng communautaire Kompetenz gouf. Well Léiwen a Flandern läit, war et politesch net méi méiglech, do eng franséischsproocheg Universitéit ze hunn. Dofir huet d'Université catholique de Louvain sech misse vun der Katholieke Universiteit Leuven trennen. 1968 gouf de Grondstee fir en neien Universitéitskomplex, mat ronderem enger neier Stad, geluecht: Louvain-la-Neuve.
Geographesch Situation [änneren]
Louvain-la-Neuve läit eng 25 Kilometer vu Bréissel ewech a forméiert mat Léiwen e gläichméissegen Dräieck. Direkt dernieft leien d'Stied Ottignies a Wavre. D'Stad läit och direkt un der Autobunn Bréissel-Namur.
En neit Konzept fir eng Stad [änneren]
Louvain-la-Neuve soll als Beispill vun enger gutt organiséierter Stad zielen. Den Zentrum ass op enger bëtongser Plack gebaut déi tëscht zwéin Hiwele läit. D'Autoe fueren a parken drënner, während den iwwerierdeschen Deel eng pur Foussgängerzon ass.
D'Stad huet och nëmmen e puer Kilometer Duerchmiesser, wat et hiren Awunner erlaabt, all Distanz zu Fouss ze man. D'Iddi war, datt eng Foussgängerstad fir méi Sécherheet a méi Convivialitéit suerge sollt, wat aus der Stad éischter en Duerf mécht wou jiddwereen, souwuel Studente wéi och soss Awunner, sech wuel fille soll.
D'Universitéit [änneren]
Déi haiteg Universitéit vu Léiwen huet nëmme sentimental eppes mat där Universitéit ze dinn, déi den 9. Dezember 1425 vum Poopst Martin V gegrënnt gi war, an am 18. Jh. opgeléisst gouf. D'Kathoulesch Universitéit vu Léiwen geet nämlech op d'Kathoulesch Universitéit vu Mechelen zréck, déi 1834 vun de belsche Bëscheef geschafe gouf, a schonn ee Joer spéider op Léiwen transferéiert gouf. Mee d'Stad Léiwen, am flämesche Brabant, hat nun emol eng räich universitär Vergaangenheet, an déi béid kathoulesch Universitéiten, zu Léiwen an zu Louvain-la-Neuve, knäppe gären un d'Traditioune vun där Uni un, déi ë. a. den Erasmus vu Rotterdam gesinn huet.
D'Uni zu Louvain-la-Neuve ass an 10 Fakultéiten agedeelt:
- Theologie
- Philosophie
- Droit
- Economie a Politik
- Sproochwëssenschaft
- Psychologie
- Medezin
- Sciences
- Sciences appliquées
- Ingénierie a Biologie, Agronomie an Ëmwelt
D'Medezin ass déi eenzeg Fakultéit déi net zu Louvain selwer ass. Si gëtt, wéinst hirer Lag zu Woluwe-Saint-Lambert, an der Haaptstadregioun Bréissel, "Louvain-en-Woluwé" genannt.
24 Stonnen vu Louvain [änneren]
Zanter 1976 ginn zu Louvain d'24 Stonnen organiséiert. Dëst ass eng Vëloscourse, déi duerch d'ganz Stad geet an, normalerweis mëttwochs, géint der Mëtteg ufänkt an den Dag drop ëm déiselwecht Zäit ophält.
Fir d'Course selwer ginn et 3 Kategorien:
- D'Course
- D'Humanitär Course
- D'Folklores-Course: wahrscheinlech déi, déi am meeschte Succès huet. Sämtlech Interesséiert kënnen e Gefier bauen, soulaang et mat Pedallen ugedriwwe gëtt.
D'Organisateure si Studenten. D'Haaptleit sinn d'Studente vum CSE Animatioun déi awer op sämtlech aner Studentenorganisatiounen ziele kënnen. Si ginn och zum Deel vun der Uni ënnerstëtzt.
Fir déi Kleng gi mëttes och e puer Aktivitéiten ofgehalen. Dozou gehéieren d'240 Minutten iwwert e verklengerte Parcours an de Village des enfants.
No e puer gréisseren Tëschefäll an der Vergaangenheet, bedéngt duerch ënner anerem en iwwerdriwwenen Alkoholkonsum, gëtt d'Sécherheet haut grouss geschriwwen. D'Police, d'Pompjeën an d'Croix-Rouge gi vu Studenten ënnerstëtzt. Sou fuere Guidë mat den Ambulanze mat fir de Wee ze weisen, a Stadiere ginn duerch d'Stad fir d'Leit ze informéieren an am Noutfall Hëllef erbäi ze ruffen.
D'24 Stonne sinn e gutt Beispill vun de kulturellen Aktivitéiten zu Louvain a gehéieren zum Liewen an der Stad.
Lëtzebuerg zu Louvain-la-Neuve [änneren]
Zanter 1880 sinn d'Lëtzebuerger Studenten an engem Cercle vereenegt. En zielt och zu de regionalen Cerclen vu Louvain, well se awer déi eenzeg auslännesch Regionale ass, bezeechent se sech selwer als la plus étrangère des régionales.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Louvain-la-Neuve – Biller, Videoen oder Audiodateien |