Lowell Observatory Near-Earth-Object Search

Vu Wikipedia

De Lowell Observatory Near-Earth-Object Search ofgekierzt LONEOS ass e aus dem Joer 1993 fir eng hallef- respektiv vollautomatesch Sich no sougenannten äerdnoen Objeten (engl. Near-Earth object; NEO). Dobäi handelt et sech am Speziellen ëm Asteroiden, deenen hir Bunnen an d'Géigend vun eiser Äerd féieren.

D'Sich hat 1998 mat engem 60-cm-Schmidt-Teleskop ugefaangen an huet an zéng Joer ronn 2.000 äerdno Objeten erfaasst. Déi éischt Entdeckung war den 18. Juni 1998. Mam Projet LONEOS gouf Enn Februar 2008 opgehalen.

Vun 100 Meter Gréisst un, kann en Aschlag vun engem Asteroid – mat deem all 100.000 Joer ze rechnen ass – vu regionaler Bedeitung sinn. Am lafende Joerzéngt wëll een all potenziell äerdno Objeten erfaassen, déi méi grouss wéi ee Kilometer sinn. Vu ronn zwou Milliounen Asteroide vun dëser Gréisst däerften dat der ongeféier 1.000 sinn. Bis erof op 100 m sinn et iwwer zéngmol méi.

De 15. Oktober 2003 hat de LONEOS e sensationellen Erfolleg: den Asteroid (69230) Hermes, dee wärend 66 Joer verluer war gouf erëmfonnt. Hie war deemools an 1,5-facher Mounddistanz laanscht geflunn a gouf op 1.200 m geschat, ass awer no nëmme fënnef Deeg verluer gaangen. Eng genee Bunnbestëmmung huet elo erginn, datt den Hermes am Joer 1942 nach eng Kéier an 1,6-facher Mounddistanz "laanscht gestuel" hat.

Et lafen am Moment nach 10 Sichprogrammer an den USA, Europa an Ostasien, déi pro Nuecht e puer „NEOs“ vun 100 Meter bis 1 km Gréisst fannen. Den erfollegräichste Programm heescht LINEAR a schafft mat engem 1-m-Spigelteleskop an CCD-Automatik.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]