Loyola de Palacio
D'Ignacia de Loyola de Palacio del Vallelersundi gebuer de 16. September 1950 zu Madrid, a gestuerwen den 13. Dezember 2006, och do, war eng spuenesch Politikerin a vun 1999 bis 2004 Vizepresidentin a Commissaire fir Verkéier an Energie an der Europäescher Kommissioun ënnert der Presidentschaft vum Romano Prodi.
D'de Palacio huet op der Universidad Complutense Madrid Droit studéiert a war laang Joren an der spuenescher Vollekspartei (Partido Popular) aktiv. Vun 1996 bis 1999 war se Ministesch fir Landwirtschaft, Fëscherei an Ernierung a Spuenien. 1999 gouf s'an d'Europäescht Parlament gewielt, kuerz drop awer zum Member vun der Europäescher Kommissioun (Commissaire) ernannt.
Der Loyola de Palacio hir Sëschter ass d'Ana de Palacio del Valle-Lersundi, déi aktuell Vizepresidentin vun der Weltbank a fréier spuenesch Ausseministesch.