Lubiąż
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Lubiąż (fréier de: Leubus) ass mat ronn 2.000 Awunner en Uertsdeel vun der Gemeng Wołów an der Woiwodschaft Nidderschlesien am Powiat Wołowski a Polen.
D'Uertschaft ass zu Lëtzebuerg haaptsächlech bekannt well tëscht 1942 an 1945 vill Lëtzebuerger déi ëmgesidelt goufen, am Klouschter Leubus (Lager 158), internéiert waren.
Lubiąż läit um rietsen Uwänner vun der Oder, eng ronn 7 km vu Prochowice ewech do wou d'Kaczawa an d'Oder leeft.
Lubiąż ass dat eenzegt Ëmsiidlungslager an deem haut nach Lëtzebuerger begruewe leien an zwar:
- Michel Adamy vun Ettelbréck
- Mathias Kemp vu Walfer
- Christiane Koch vun Esch-Uelzecht
- Mathilde Stephany vun Huldang
- Marie Schlottert vun Holz
| Commons: Lubiąż – Biller, Videoen oder Audiodateien |