Lucien Frank

Vu Wikipedia
Lucien Frank
Gebuer 10. November 1857
Bréissel
Gestuerwen 20. Januar 1920
Ohain
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Moler

De Lucien Frank, gebuer den 10. November 1857 zu Bréissel a gestuerwen den 10. Januar 1920 zu Ohain war e belsche Moler.

De Lucien Frank koum zu Bréissel als Kand vun enger franséischer Mamm an engem hollännesche Papp op d'Welt. Seng Eltere ware vu jiddescher Ofstamung. Hie war den Neveau vum Minister Louis Frank.

De Lucien huet seng Formatioun zu Paräis gemaach.[1] Hien huet brabännesch an hollännesch Landschafte gemoolt, vill Biller vu Stied a Biller am Zesummenhank mam Mier a mat der belscher Küst. Hie gouf haaptsächlech wéinst senge Biller vun Avenuen zu Bréissel, Paräis an e puer vu Barcelona bekannt. Bei de brabännesche Biller hat hien eng Virléift fir d'Géigend vun Tervuren a gëtt och heiansdo zu der zweeter Generatioun vun der École de Tervuren gezielt. Eng Parti vu senge Biller sinn am Musée Hof van Melijn zu Tervuren ausgestallt.

Säi Molstil gëtt zu den Impressioniste gezielt, mä à la belge. E spillt mam Liicht zu all Moment vum Dag, a seng Biller spigele säi frouen an häerzleche wallounesche Charakter erëm[2].

Hie war den éischte belsche Moler deen am Louvre ausgestallt huet an de Kinnek Albert huet zu senge Cliente gehéiert.[3]

Nom Doud vum Lucien Frank gouf net méi vill vu senge Biller geschwat, héchswahrscheinlech well laang keng an de Verkaf koumen. Si hounge jorelaang a sengem fréieren Atelier zu Ohain, dee seng Schnauer no sengem Doud ënner dem Numm La Closière als Restaurant exploitéiert huet, an dee knapps 100 m vun engem anere bekannten Artist, dem Robert Goffin sengem Gebuertshaus, net wäit vun der Kierch ewech läit. D'Closière ass nach gutt erhalen a steet op N° 16A an der Rue de l'église Saint-Etienne zu Ohain.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lasne au-delà des clichés. Datt hien e Schüler vum Daubigny a vum Manet sollt gewiescht sinn wéi verschidde Quelle behaapten, konnt bis lo net nogewise ginn
  2. Georges Denoinville am Journal des Arts 13. August 1927
  3. De Kinnek hat d'Bild L'approche d'un orage en Campine a sengem Aarbechtszëmmer hänken