Lucien Lux

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Lucien Lux bei der Erëffnung vun der Oeko-Foire 2008

De Lucien Lux, gebuer den 13. September 1956 zu Ëlwen, ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker.

De Lucien Lux huet fir d'éischt op der Eisebunn geschafft, a gouf 1978 Gewerkschaftssekrétär vum OGB-L.

Vun 1988 bis 2004 war de Lucien Lux Buergermeeschter vu der Gemeng Beetebuerg.

Hie gouf 2002 zum Generalsekretär vun der LSAP gewielt.

Vun 1989 bis 2004 war hien, an der LSAP-Fractioun, Deputéierten an der Chamber. Tëscht 2004 an 2009 war de Lucien Lux Ëmweltminister an Transportminister an der Regierung Juncker-Asselborn I. No de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ass hien nees Deputéierten a Fraktiounschef vun der LSAP an der Chamber.

De Lucien Lux ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Gielercher [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' während op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  2. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004