Lucien Petit-Breton
De Lucien Mazan, genannt Lucien Petit-Breton gebuer den 18. Oktober 1882 zu Plessé an der Loire-Inférieure a gestuerwen den 20. Dezember 1917 zu Troyes war e franséische Vëlossportler an Tour de France-Gewënner.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie[änneren]
Dem Lucien säi Papp war an Argentinien ausgewandert. De Lucien huet zu Buenos Aires fir d’éischt bei Kompetitiounen matgemaach a seng Succèsen hunn him de Spëtznumm El Breton abruecht, deen hien och bäigehal huet fir seng sportlech Aktivitéite viru sengem Papp , deen net ganz begeeschtert vum Vëlossport war, ze verstoppen.
Nodeems hien a Frankräich zréckkomm war fir säi Militärdéngscht ze maachen huet hien eng professionell Vëloscarrière ugefaangen. Well nach en anere Coureur Breton geheescht huet, huet hien de Pseudonyme Petit-Breton ugeholl, an deen Numm och spéider u säi Bouf weiderginn. Hie gëtt an de Cyclistekreeser awer och nach dacks l’Argentin genannt.
Hie fänkt seng Carrière 1902 bei de Profien un a gewënnt 1904 op der Piste de Bol d’Or . Dat Joer duerno stellt hien zu Paräis um Buffalo Vëlodrome en neie Stonneweltrekord op mat enger Moyenne vun 41,110 km. Duerno gewënnt hien 1906 Paris - Tours, 1907 déi éischt Editioun vu Milano - Sanremo , an zweemol den Tour de France ( 1907 an 1908), woubäi hien 1907 zwou Etappe gewënnt an 1908 fënnef Stéck.
De Lucien Petit-Breton war den éischte Coureur den den Tour zweemol hannernee gewonnen huet.
Hie bleift bis 1914 an der Course a gëtt dat Joer no néng Etappen op. Den Éischte Weltkrich mécht senger Carrière en Enn.
Hie stierft un der Front 1917 an engem Autosaccident.
Seng zwéi Bridder de Paul an den Anselme waren och gutt Vëlossportler, grad esou wéi säi Bouf den Yves Peti-Breton deen am Tour vun 1948 Sportsdirekter vun der Equipe de l’Ouest war.
Palmarès[änneren]
1902[änneren]
- 2. am Bol d’Or
1904[änneren]
- 1. am Bol d'Or : 852 km a 24 Stonnen
1905[änneren]
- Stonneweltrekord : 41,110 km um Buffalo Vëlodrome zu Paräis
- Weltrekord op 20 km : 28' 59" 4
- Weltrekord op 10 km : 14' 04" 4 (1905)
1906[änneren]
- 1. bei Paris - Tours
1907[änneren]
- 1. am Tour de France : 1907, 1908
- 1. a Milano - Sanremo
- 2 . a Paris - Hedin
1908[änneren]
- 1. am Tour de France
- 1. am Paris - Bruxelles
- 1. am Tour de Belgique (e gewënnt 4 Etappen)
1909[änneren]
- 1. am Tour de Catalogne
- 1. am Tour de Tarragone
- 1. am Buffalo-Cup
1910[änneren]
- 3. an der franséischer Strosseweltmeeschterschaft
1912[änneren]
- 2. bei Bordeaux - Paris
- 3. bei Paris - Tours
- 3. bei Paris - Menin
Resultater am Tour de France[änneren]
- Tour de France 1905 : 5. am Generalklassement
- Tour de France 1906 : 4. am Generalklassement
- Tour de France 1907 : 1. am Generalklassement
- Tour de France 1908 : 1. am Generalklassement
- Tour de France 1910 : Opginn an der 7. Etapp
- Tour de France 1911 : Opginn an der 1. Etapp
- Tour de France 1912 : Opginn an der 2. Etapp
- Tour de France 1913 : Opginn an der 14. Etapp
- Tour de France 1914 : Opginn an der 9. Etapp
Resultater am Giro d'Italia[änneren]
- Giro d’Italia 1910 : Opginn
- Giro d’Italia 1911 : Opginn 1 Etapp gewonnen
1903 Maurice Garin | 1904 Henri Cornet | 1905 Louis Trousselier | 1906 René Pottier | 1907, 1908 Lucien Petit-Breton | 1909 François Faber | 1910 Octave Lapize | 1911 Gustave Garrigou | 1912 Odile Defraye | 1913, 1914, 1920 Philippe Thys | 1919, 1922 Firmin Lambot | 1921 Léon Scieur | 1923 Henri Pélissier | 1924, 1925 Ottavio Bottecchia | 1926 Lucien Buysse | 1927, 1928 Nicolas Frantz | 1929 Maurice Dewaele | 1930, 1932 André Leducq | 1931, 1934 Antonin Magne | 1933 Georges Speicher | 1935 Romain Maes | 1936, 1939 Sylvère Maes | 1937 Roger Lapébie | 1938, 1948 Gino Bartali | 1947 Jean Robic | 1949, 1952 Fausto Coppi | 1950 Ferdi Kübler | 1951 Hugo Koblet | 1953–1955 Louison Bobet | 1956 Roger Walkowiak | 1957, 1961–1964 Jacques Anquetil | 1958 Charly Gaul | 1959 Federico Bahamontes | 1960 Gastone Nencini | 1965 Felice Gimondi | 1966 Lucien Aimar | 1967 Roger Pingeon | 1968 Jan Janssen | 1969–1972, 1974 Eddy Merckx | 1973 Luis Ocaña | 1975, 1977 Bernard Thévenet | 1976 Lucien Van Impe | 1978, 1979, 1981, 1982, 1985 Bernard Hinault | 1980 Joop Zoetemelk | 1983, 1984 Laurent Fignon | 1986, 1989, 1990 Greg LeMond | 1987 Stephen Roche | 1988 Pedro Delgado | 1991–1995 Miguel Indurain | 1996 Bjarne Riis | 1997 Jan Ullrich | 1998 Marco Pantani | 1999–2005 Lance Armstrong | 2006 Óscar Pereiro | 2007 Alberto Contador | 2008 Carlos Sastre | 2009 Alberto Contador | 2010 Andy Schleck | 2011 Cadel Evans