Lucien Wercollier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Lucien Wercollier a sengem Atelier.
Foto M. Schroeder. Fotothéik Stad Lëtzebuerg.
D'Hinzerter Kräiz mat der Skulptur Le prisonnier politique vum Wercollier.

De Lucien Wercollier, gebuer den 26. Juli 1908 zu Hollerech[1], a gestuerwen de 24. Abrëll 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sculpteur, dee vun 1958 un um Briddel geschafft huet. Hie gëllt ass dee bedeitenste lëtzebuergesche Sculpteur aus dem 20. Joerhonnert.

Seng Skulpture sinn aus Holz a Steen, virun allem awer aus Bronze, Marber, Alabaster an Onyx.

Dem Wercollier seng éischt Aarbechte si figurativ, vu 1952 bis 1955 awer geet hie ganz zur abstrakter Skulptur iwwer, an där hie vum Constantin Brancusi a Jean Arp beafflosst gouf.

Skulpture vun him sinn an de Muséeën zu Lëtzebuerg (Nationalmusée fir Geschicht a Konscht), Metz, Paräis (Musée national d'art moderne), Jerusalem (The Israel Museum), Washington (D.C.) (J.-F. Kennedy Center for Forming Arts) an Oxford am Ohio (Miami University Art Museum) ze gesinn.

Hie war Member vum Institut grand-ducal, section des arts et lettres, sous-section des arts plastiques.

Säin Numm droen:

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Säi Liewen [2]

Dem Lucien Wercollier säi Papp, de Jean-Baptiste Wercollier, war Sculpteur a Professer an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg. De Jean-Pierre Koenig, ee vu senge Monnien, war e bekannten Architekt. De Lucien Wercollier ass also an engem Milieu opgewuess, wou vill iwwer Skulptur an Architektur geschwat gouf.

  • Vu 1924 bis 1927 ass hie Schüler an der Handwierkerschoul, wou hien am Atelier vu sengem Papp léiert am Holz, am Steen an am Gips schaffen; ë.a. besicht hien och d’Course vum Moler Pierre Blanc.
  • 1933 kënnt hien op Lëtzebuerg zréck. 1935, no sengem Stage pédagogique (1933-1935), gëtt hie Professer an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg, wou hie sengem Papp seng Coursen iwwerhëlt (Ornementatioun, Aféierung an d’Architektur, an technescht Zeechnen).
  • 1936 bestuet hie sech mat der Yvonne Schmit[3], Zänndoktesch, déi seng Aarbechte während senger ganzer Carrière ënnerstëtze wäert. Zesumme krute si zwee Kanner (Simone an Étienne).
  • 1937 bis 1940: hie léiert de Moler Joseph Kutter kennen, deem seng Aarbechten hie begeeschteren. Zesumme mam Trémont schafft hien un de Skulpture vum Lëtzebuerger Pavillon fir d'Weltausstellung zu Paräis. Am Allgemengen interesséiert hie sech ëmmer méi fir déi deemools modern Konscht.

1941, ënnert dem Nazi-Regime, refuséiert hien der Kulturkammer bäizetrieden, an däerf duerno seng Aarbechte net méi presentéieren. De 4. September 1942, dräi Deeg nom Generalstreik géint d'Zwangsrekrutéierung, gouf hie festgeholl. [4][5] Vum Prisong am Gronn (4.-19. September 1942) [6] koum hien an d’KZe vun Hinzert a Lublin. Seng Fra gouf mat hiren zwee Kanner a Schlesien deportéiert. 1943 koum de Lucien Wercollier fräi an ass bei seng Famill an d'Ëmsiidlungslager a Schlesien gezunn. Am Juni 1945 koum hie mat senger Famill op Lëtzebuerg zréck, wou hien erëm als Professer an der Handwierkerschoul ufänkt z'enseignéieren. Dernieft gëtt hie Coursen an der Keramik an och an der Skulptur fir eng Rei élèves libres.

  • 1950: Zweete Salon de la nouvelle équipe. De Lucien Wercollier stellt, nieft ‘vereinfacht realisteschen' Aarbechten, eng éischt Skulptur aus déi keng realistesch Duerstellung méi ass (Repliée sur elle-même, am Steen, Koll. Staatsmusée).
  • 1952 entsteet seng éischt abstrakt Skulptur (Germination).
  • 1954 hëlt hien um éischte Salon des iconomaques deel, e Salon deen hie matgegrënnt huet. Dëse Salon regroupéiert nieft engem groussen Deel vun de Kënschtler vun der Nouvelle équipe eng Rëtsch aner Artisten. Op dësem Salon dominéiert déi abstrakt Konscht.

Seng Aarbechte vu 1955 weisen datt de Wercollier vun elo un ganz zur abstrakter Skulptur iwwergaangen ass.

  • 1958 plënnert hie mat senger Famill an hiert neit Haus um Briddel (an d'Strooss déi spéider no him benannt gëtt). Hie stellt seng éischt Skulpturen aus poléierter Bronze aus a verkeeft, mat 50 Joer, seng éischt Skulptur un e Privatkeefer.
  • 1960: éischt Skulpturen aus Alabaster.
  • 1962 ass de Wercollier fir d'éischt zu Carrara an Italien, wou hie seng Virléift fir de Marber entdeckt. Duerno kënnt hie laang Zäit all Joer op Carrara zréck, fir do ze schaffen.
  • 1965 verléisst hien, mat 57 Joer, den Enseignement.
  • Vun 1972 u skulptéiert hien ëmmer méi am Alabaster an am Onyx.
  • 1998 skulptéiert hien am Alabaster Caresse, seng lescht fäerdeg Skulptur.
  • 1999 fänkt hien eng Skulptur am Marber un, déi hien awer wéinst schwaacher Gesondheet net fäerdeg maache kann. [7]

De Lucien Wercollier ass de 24. Abrëll 2002, am Alter vun 93 Joer, gestuerwen. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

[änneren] Wierker (Auswiel)

[änneren] Skulpturen an der Abtei Neimënster

Dem Lucien Wercollier säi Wonsch war et, datt seng Skulpturen der breeder Effentlechkeet sollten zougänglech gemaach ginn.

Nom Doud vum Kënschtler huet seng Famill dem Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster seng perséinlech Sammlung vu Skulpture fir eng Dauerausstellung iwwerlooss. 2005 goufen dës Skulpturen am Kräizgank vun der fréierer Abtei, e Kräizgank deen nom Kënschtler benannt ass (Cloître Wercollier), ausgestallt.[8]

2008, dem Joer vum 100. Anniversaire vum Wercollier, koum d’Ausstellung op hir definitiv Plaz, um éischte Stack vun der Abtei, am Déambulatoire iwwer dem Kräizgank. De Vernissage vun der Ausstellung, a Presenz vun der Famill vum Kënschtler, war den 21. November 2008.[9] E war verbonne mat engem Hommage un de Kënschtler am Robert Krieps-Sall vum Centre culturel.[10]

[änneren] Schüler vum Lucien Wercollier

[änneren] Literatur

Zwee wichteg Bicher iwwer de L. Wercollier, mat jee enger detaillerter Biographie, Fotoe vu senge Skulpturen, jee enger Lëscht vun den Expositiounen un deenen de Kënschtler participéiert huet, an enger Lëscht vu Plazen a Muséeën wou ee seng Skulpture ka gesinn:

Weider Literatur:

  • Paul Bertemes (Koord.), 2005. Lucien Wercollier au cloître de l'Abbaye Neumünster. Katalog erausgi vu mediArt an Zesummenaarbecht mam Centre culturel de rencontre Abbaye Neumünster. 64 S. ISBN 2-9599867-2-5.
  • Eischen, Linda (Koord.), 2003. Wercollier et ses amis peintres Gillen, Stoffel, Trémont. Exposition à la Villa Vauban. Katalog vun der Expositioun vum 30. Abrëll bis de 7. September 2003. (Ouni Numm vun der Dréckerei). ISBN 2-919878-48-4.
  • Haag, Emile, 2011. Joseph Kutter *1894 1941 et Lucien Wercollier *1908 2002, les grands maîtres de l'art, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 376-385.
  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 6-7)
  • Josée Kirps, 2001. Lucien Wercollier. In Robert Theisen (Koord.): Luxembourg sculptures. Skulpturen - Sculptures. S. 123-127. Éditions Îlôts, Steesel. ISBN 2-87996-932-8.
  • Marc Theis & Elisabeth Vermast, 1995. Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui. Verlag Marc Theis (Sponsor: Banque internationale à Luxembourg). 156 S. ISBN 2-9599988-2-0. (Lucien Wercollier: cf. S. 143-144).
  • Joseph-Émile Muller, 1988. Lucien Wercollier pour son 80e anniversaire. Les Cahiers luxembourgeois no 2: 17-24.
  • Ragon M. & M. Seuphor, 1974. Wercollier Lucien. L'art abstrait 1945-1970. Biographie des artistes. Ed. Maeght, Paris.
  • Joseph-Émile Muller, 1954. Lucien Wercollier et la sculpture moderne. Les Cahiers luxembourgeois, no 3.

[änneren] Fotoen

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Lucien Wercollier – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen an Notten

  1. Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965. Dréckerei Jos Ewen, Hollerech, 64 S. Cf. S. 16.
  2. Joseph-Émile Muller 1976, 1983
  3. D'Yvonne Schmit (1910-2003) war d'Duechter vum fréiere Minister Étienne Schmit.
  4. De Lucien Wercollier gouf festgeholl well hien den 31. August seng Schüler heem geschéckt hat an deen aneren Dag bei sengem Schouldirekter géint d'Zwangsrekrutéierung protestéiert hat. Quell: Denis Scuto 2002, in: Luigi Peruzzi, Mes mémoires. Éditions Le Phare, Esch/Uelzecht. Cf. S. 370.
  5. De Lucien Wercollier war vun 1942 u Member vun der Resistenzorganisatioun LVL. Quell: Aloyse Raths, 1983: Hommage à Lucien Wercollier. Rappel 5-6/198: 175-177. (Cf. S.176).
  6. Plackett nieft dem Prisonnier politique am Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster
  7. L. Eischen 2003
  8. Katalog vun der Ausstellung, 2005: Lucien Wercollier au cloître de l’Abbaye Neumünster. Erausgi vu MediArt an Zesummenaarbecht mam Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster. 64 S. ISBN 2-9599867-2-5.
  9. Katalog vun der Ausstellung, 2008. Exposition Lucien Wercollier à l’occasion du centenaire de sa naissance. Exposition permanente au Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster. Erausgi vum Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster. Imprimerie centrale. (Ouni Säitenummeréierung).
  10. D’Rieden, op Franséisch, goufe gehale vum Claude Frisoni, Direkter vum Centre culturel de rencontre abbaye de Neumünster, dem Guy de Muyser, President vum Conseil d'administration vum Centre, an der Octavie Modert, Staatssekretärin ë.a. fir Kultur. De Charles Suberville huet e gesongent Gedicht viirgedroen, den André Mergenthaler huet um Cello improviséiert, während um Schierm Biller a Filmausschnëtter iwwer de Wercollier vum Menn Bodson a Romain Goerend gewise goufen.
  11. Aloyse Raths 2006: Rappel 2006/3, Foussnout S. 341.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen