Lucky Luke (Personnage)

Vu Wikipedia
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lucky Luke
Ass en(g) fiktive Mënsch, Comicfigur, Filmfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Cowboy
Universum
Present am Lucky Luke

De Lucky Luke ass eng Comicsfigur an de Protagonist vun der Comicserie mam selwechten Numm déi 1946 vum belsche Comicszeechner Morris erschaaft gouf.

Beschreiwung vum Personnage[änneren | Quelltext änneren]

De Lucky Luke ass ee Cowboy vun dënner Kierperstatur, an hien huet eng schwaarz Krausel um Kapp. Meeschtens huet hien ee gielt Hiem un, ee schwaarze Gilet an och ee roude Foulard. Hien huet eng blo Box a brong Stiwwelen un. Säin Numm kënnt vu "luck" d.h. Gléck. De Lucky Luke setzt sech a fir d'Gesetz, hie suergt fir Recht an Uerdnung. An de verschiddene Albume geet et ëmmer ëm dat Gutt an dat Béist, a fir d'Gerechtegkeet, fir déi de Lucky Luke sech asetzt a kämpft.

Déi grouss Géigner vum Lucky Luke sinn déi véier Dalton Bridder, déi net ganz schlau sinn a sech am Fong just duerch hir Gréisst vun eneen ënnerscheeden. Deen dommste vun hinnen as den Averell. Si iwwerfalen ëmmer nees Banken a Postkutschen a maachen de Leit d'Liewen onméiglech. D'Dalton Bridder sinn eng Uspillung op déi historesch Dalton Bridder, déi Banditten am Wëlle Westen waren.

Dem Lucky Luke säi Päerd, Jolly Jumper genannt, ass säi treie Frënd. Et ass immens gescheit a bekannt fir seng dacks witzeg Äntwerten. Nieft den Dalton Bridder ass de "Wuecht"hond Rantanplan och eng Haaptfigur aus der Comicsserie. Hie kënnt sengen Aufgaben als Wuecht- a Sichhond nëmme sielen no, well e meeschtens dat falscht mécht: Hie verwiesselt Frënd a Feind, an d'Spueren, deenen en nogoe soll. Dofir denkt hie léiwer u seng Lieblingsbeschäftegung, d'Friessen an d'Schlofen.

Um Enn vun engem Album reit de Lucky Luke ëmmer op sengem Päerd der Sonn entgéint, déi ënnergeet, an dobäi séngt hien I'm a poor lonesome cow-boy and a long long way from home ("Ech sinn en aarme Cow-boy a wäit wäit ewech vun doheem").

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Lucky Luke symboliséiert d'Vitess; hie schéisst méi séier wéi säi Schiet a gëtt dofir och l'homme qui tira plus vite que son ombre genannt ("de Mënsch dee méi séier schéisst wéi säi Schied"). Mat där Idee gouf an Däitschland 2012 eng Publicitéitskampagne lancéiert, wou de Lucky Luke fir déi däitsch Spuerkeese Reklam fir "kontaktloses Bezahlen" mécht. De Slogan vun der Werbekampagne war "Schneller zahlen als dein Schatten".