Ludmila Iwanowna Tschernychowa
D'Ljudmila Iwanowna Tschernych, gebuer den 13. Juni 1935 zu Schuja, Oblast Iwanowo ass eng russesch Astronomin.
1959 hat si hirt Studium an der Staatlecher Pädagogescher Héichschoul vun Irkutsk ofgeschloss. Uschléissend schafft si bis 1963 an engem Labor fir Zäit- an Frequenzmiessunge am All-Union Fuerschungsinstitut fir physikalesch-technesch a radiotechnesch Miessunge zu Irkutsk, wou si astrometresch Observatioune fir den „Zäitdéngscht“ virgeholl hat. Vu 1964 bis 1998 war si wëssenschaftlech Mataarbechterin am Institut fir theoretesch Astronomie an der sowjetesch/russescher Akademie vun de Wëssenschaften a schafft am Krim-Observatoire. Hei huet si hire spéidere Mann kennegeléiert, den Astronom Nikolai Stepanowitsch Tschernych, mat deem si zesumme geschafft huet.
D'Tschernych huet 268 Asteroiden entdeckt[1], dorënner (1772) Gagarin, (2807) Karl Marx, (3147) Samantha an den Apollo-Asteroiden (2212) Hephaistos.
Zu Éieren vun der Koppel Tschernych gouf den Asteroid no hinnen (2325) Chernykh genannt.