Luigi Carnera

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Luigi Carnera, gebuer de 14. Abrëll 1875 zu Triest (haut Italien) a gestuerwen den 30. Juli 1962 zu Florenz, war en italieneschen Astronom an Entdecker vu 16 Asteroiden (Klengplanéiten).

An de fréie Jore vu senger Carrière war hien Assistent vum Max Wolf zu Heidelberg. Aus dëser Zäit datéieren d'Entdeckunge vun Asteroide bei deenen hien zum Deel mam Max Wolf zesummegeschafft huet. De Carnera huet an Däitschland, Italien an Argentinien geschafft, ier hien 1908 definitiv an Italien zréckgoung.

De Carnera huet 1919 d'Leedung vum Triester Observatoire iwwerholl. Triest war just eréischt nom Éischte Weltkrich vun Italien annektéiert ginn. Spéider, am Joer 1932, gouf hien Direkter vum Capodimonte-Observatoire zu Neapel bis hien 1950 pensionéiert gouf.

Den Observatoire war während dem Zweete Weltkrich zäitweis vu briteschen an amerikaneschen Truppe besat, déi do eng Radar-Statioun installéiert haten.