Luis Aragonés

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Luis Aragonés (2008).

De José Luis Aragonés Suárez Martínez, dacks just "Luis" genannt, gebuer den 28. Juli 1938 zu Madrid an och do den 1. Februar 2014 gestuerwen[1], war e spuenesche Foussballspiller an -trainer.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Als Spiller huet den Aragonés déi meeschten Zäit vu senger Carrière (1957-1974) beim Atlético Madrid verburecht an huet eelef Mol an der spunescher Nationalequipe gespillt, wou en dräi Goler geschoss huet. Duerno gouf en Trainer, fir d'éischt zu Madrid, duerno och beim FC Barcelona, FC Sevilla, Valencia CF, Espanyol Barcelona, Real Betis, Real Oviedo an RCD Mallorca.

International bekannt gouf den Aragonés als Trainer vun der spuenescher Nationaléquipe, mat där en d'Foussball-Europameeschterschaft 2008 gewonnen huet. Duerno war en nach eng Saison Trainer bei Fenerbahçe Istanbul.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luis Aragonés – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]