Luisa Passerini

Vu Wikipedia
Luisa Passerini
Gebuer 2. Februar 1941
Asti
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Kulturhistoriker, Universitéitsprofesser

D'Luisa Passerini, gebuer den 2. Februar 1941, zu Asti[1] ass eng italieenesch Historikerin. Zu hire Fachgebidder zielen d'Oral History (Theorie a Methodologie), d'Fraegeschicht an d'Historiographie.

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Der Luisa hire Papp huet an der italieenescher Resistenz participéiert, war awer ni wierklech e "richtege" Militant.[2] Hien huet fir d'Resistenz Messagë geschéckt a Päck ausgedroen, wéi e bei der Eisenbunn geschafft huet.[3] Mä nom Krich hat hire Papp keng politesch Ambitiounen an Affiliatiounen.[3] D'Luisa Passerini ass vun hirer Bomi groussgezu ginn, nodeem hir Mamm[4] gestuerwe war.[5]

Den Afloss vum Faschismus war nach ëmmer present wärend der Passerini hirer Zäit an der Primärschoul an am Lycée, wéi si an hirer Autobiographie schreift: "I remember Poems an hymns like "Sun that rises free and joyful / over our hills your horses rule / you will never see anything in the world / greater than Rome, greater than Rome"."[6] Am drëtte Joer vum Lycée huet si bei engem Kulturzerkel matgemaach, deem säin Zil et war, Aarbechter, Baueren a Studenten zesummenzebréngen.[7] Wärend där Zäit ass si mat deem Cercle culturel fréier Resistenzler op d'Land besiche gaangen, déi dann hir "spannend Geschichten" erzielt hunn.[3] Déi Resistenzler, déi d'Passerini kennegeléiert huet, ware Kommunisten, mä net am Sënn vun der bürokratescher Partei mä éischter am Sënn vun enger "Rouder Traditioun", wéi d'Passerini et nennt, déi vu Subversioun, verstoppte Waffen an och Witzer mä virun allem vum Weidermaachen no der Liberatioun geschwat hunn.[3] Si ass also scho fréi a Kontakt mat fréiere Membere vun der italieenescher Resistenz komm, well eréischt an den 1960er Joren hunn Debatten iwwer an d'Opschaffe vum Faschismus ugefaangen.[8]

Ufanks vun den 1960er Jore krut d'Passerini d'Chance fir e Joer an d'USA studéieren ze goen, nodeem se 1959 hire Lycée zu Asti ofgeschloss hat.[9] An den USA ass s'op d'Irondquoit High School zu Rochester, net wäit ewech vun New York City, gaangen.[3]

Studium a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Passerini zeréck aus den USA war, huet si sech an der Fakultéit fir Philosophie op der Università degli Studi di Torino ageschriwwen, wou si Studentin beim Norberto Bobbio war.[10] D'Passerini beschreift déi Zäit no den USA als eng Zäit, wou d'Revolten ugefaangen hu sech z'entwéckelen.[11] Wärend där Zäit huet si zesumme mat hire Frënn, d'Schrëfte vun der "Situationist International" kenne geléiert.[12] Do dozou schreift se an hirer Autobiographie Follgendes: "We [d'Passerini an hir Frënn] identified with the mocking attitude, the nullifying gesture of the "happening" that disruptes solemn cultural ceremonies, the obstinacy of those who take their adversaries literally in order to show up the emptiness of those adversaries."[3] Am Joer 1965 huet d'Luisa Passerini hir Lizenz an der Philosophie vun der Facultéit fir Sprooch a Literatur vun der Università degli Studi di Torino kritt, wou si hir Thèse cum laude ofgeschloss huet an dofir 1966 de "Piero Martinetti" Präis kritt huet.[1]

D'Passerini huet och bei politeschen Aktioune matgemaach. Sou zum Beispill 1966, wéi zu Stroossbuerg e puer Studenten an e puer Situationisten d'Studentegouvernement iwwerholl hu fir déi Strukturen ze demystiféieren.[13] Spéider huet d'Passerini mat hire Frënn eng kleng philosophesch-situationistesch Grupp gegrënnt.[3] An Italie war den Ausgangspunkt ë. a. fir d'Entwécklung vun de spéidere Studenterevolten d'rasant Uwuesse vun der Zuel vun de Studenten, déi d'Infrastrukture vun den Universitéiten net méi packe konnten an d'Regierung déi Zoustänn einfach ignoréiert huet.[14]

No der Graduatioun huet d'Passerini vu Fellowships, Iwwersetzungen a Fuerschungsarbechte vum CNR gelieft.[15] Mat hirem deemolege Frënd huet d'Passerini decidéiert fir an Afrika ze goen, mat der Begrënnung wéi si selwer schreift: "We [d'Passerini an hire Frënd] were pursuing the revolution, popular struggles, the memory of the Resistance."[3]

Fir d'éischt hu se am Kenia gelieft, wou si Frënn gi si mat Membere vun der Oppositounspartei.[3] Duerno ass d'Luisa Passerini eleng op Dar es Salaam, am Tansania, gaange wou si hiert sozio-historescht Wëssen an hir Méisproochegkeet an den Déngscht vum Frelino, der Befreiungsfront vum Mozambique, gestallt huet.[3] Si beschreift dës Aarbecht als interessant a spannend an hirer Autobiographie.[3] An där Zäit huet d'Passerini Gedichter, déi vu Membere vum Frelino geschriwwe goufen, a politesch Dokumenter gesammelt fir eng "history of the liberation of Mozambique and its people" ze schreiwen.[3] Duerno ass se an de Sambia gaange fir eng Kollektioun mat änleche Materialien zesummenzestellen iwwer Südafrika an de Simbabwe, mam Ënnerscheed, datt dës Kéier keng sou eng Kollaboratioun mat de Befreiungsbeweegunge stattfonnt huet wéi dat beim Frelino de Fall war.[3] Wéi d'Passerini dunn op Kairo gaangen ass, huet se do weider gemaach mat hirem Sammele vu politeschen Dokumenter.[16] Zu Kairo huet se och Leit kennegeléiert, déi an de Liberatiounsbeweegunge participéiert hunn. Am Kontext vun der Dekolonisatioun resüméiert si déi Joren als "years of great hopes, of strong friendships, of the conviction that we were contributing to the creation of new cultures and new individuals […]"[17]

No Afrika huet d'Luisa Passerini eng Zäit zu Roum an duerno erëm zu Turin bei Frënn gelieft.[18] Éier si nämlech an Afrika gaangen ass, hat si alles verkaf, well si geduecht huet si géif net méi zeréck an Italie goen.[19] An där Zäit sinn d'Protester an Italie weidergaangen. Vun 1969 bis 1973 ass d'Passerini a Kontakt mat Leit aus soziale Klasse komm, déi se soss ni kennegeléiert hätt.[20] D'Passerini huet sech besonnesch wärend där Zäit mat der Geschicht vun der Aarbechterklass a rezent Analysen iwwer den Imperialismus beschäftegt, dëst ganz am Kontext vun den Agitatiounen an de Fabrécken.[3] An hirer Fräizäit huet se weider un hirer Aarbecht iwwer Afrika geschafft. Afrika war vun deem Zäitpunkt un "object of study", wouriwwer d'Passerini Artikele schreiwe konnt, Seminairen a Virliesunge konnt ginn, also net méi en allëmfaassenden Engagement.[21]

D'Passerini huet sech wärend där Zäit och politesch engagéiert. Si huet mat anere Leit d'Gruppo Gramsci gegrënnt.[22] Do donieft gouf si Coursen a verschiddene Schoulen an zum Schluss an engem Institut fir d'Ausbildung vu Léierpersonal fir Grondschoulen zu Pinerolo.[3]

1972-1973 huet d'Passerini eng déif perséinlech a politesch Kris duerchgemaach an huet eng Stäip am Feminismus gesicht.[23] An deem Zäitraum huet si reegelméisseg eng Grupp ëm den Elvio Fachinelli[24] besicht, déi sech zu Mailand getraff huet.[25]

Eng weider wichteg Verännerung am Liewe vun der Passerini war 1975, wéi si Assisstentin op der Università degli Studi di Torino gouf.[26] Dëse Changement beschreift och deen Transitiounsmoment, nämlech vun der aktiver Participatioun zur historescher Investigatioun, obwuel et awer mat der "feministescher Praxis" weidergaangen ass, well déi Grupp mat där si sech reegelméisseg gesinn huet, schonn ugefaangen hat, hir eegen Erënnerungen ze sammelen.[27] Dëst bilt de Punkt, wou d'Luisa Passerini souzesoen d'Oral History entdeckt huet, wat dunn hire professionellen Aktivitéiten eng gewëssen Direktioun ginn huet.[28] D'Joren duerno ware fir d'Passerini eng grouss Découverte um Niveau vun der historescher Aarbecht.[29] Déi Iddi fir Erënnerung (Memory) mat der Historiographie ze kombinéiere fir ze hëllefen, eng Method ze developpéieren, war eng interessant an absorbéierend Erausfuerderung, wéi d'Passerini an hirer Autobiographie notéiert.[3]

An deenen nächste Joren huet d'Passerini u verschiddene Fuerschungsgruppe bannent Europa participéiert an huet weiderhi Coursen op der Uni vun Turin ginn, wou si bis haut Professesch fir Zäitgeschicht ass. Si enseignéiert och um European University Institute zu Florenz.[1] Dozou kënnt datt si nach Gaaschtprofessure gëtt, wéi z. B. op der University of California, Berkeley oder um Kulturwissenschaftliches Institut Essen.[3]

Oral History an Italien[änneren | Quelltext änneren]

An Italien ass et scho virun der Passerini eng Traditioun vun Oral History ginn.[30] Et waren Net-Akadeemiker, déi se imitéiert an och praktizéiert hunn. Leit wéi den Gianni Bosio oder den Danilo Montaldi hunn an der Oral History an Italie Pionéieraarbecht geleescht duerch d'Sammele vun Interviewen, duerch d'Developpéieren an de Gebrauch vun neie Methoden an och duerch d'Kreatioun vun Archiven oder Instituten déi sech mat der Thematik beschäftegen.[3] Sou huet de Bosio zum Beispill den Istituto Ernesto De Martino gegrënnt.[3]

Et ass eréischt an den 1960er Joren, wéi d'Debatten iwwer de Faschismus an der Ëffentlechkeet diskutéiert an opgeschafft goufen[8]. An den 1970er Jore gouf et dann och eng gewësse Receptioun vun der Oral History um akadeemeschen Niveau, obwuel d'italieenesch Historiographie vum Glawen dominéiert war, datt geschriwwen institutionell Archivquellen e gewëssenen Niveau vun Objektivitéit hunn, wat deen Typ vu Quellen méi fiabel méich wéi mëndlech Quellen, déi den Naupe vun der Erënnerung an der Subjektivitéit ausgesat wieren.[30] An Italien an Däitschland huet sech d'Oral History mam Intressi developpéiert fir déi dominant Siichtweisen an étableiert "Master narrative" a Fro ze stellen.[31] Hei hu Studien a Fuerschungsgruppen ëm de Lutz Niethammer geneesou wéi vun der Luisa Passerini sech mat den erënnerten Experienze vun einfache Leit aus den industrielle Ballungzentren an Italien an an Däitschland beschäftegt, well ënner anerem déi Leit guer net am "Master narrative" ernimmt ginn.[32] Dowéinst ass z. B. d'Geschicht vum Faschismus an Antifaschismus een Haaptthemefeld fir d'Historiker vun der Oral History.[3] D'Oral History erméiglecht et och, ze verstoen, wéisou an duerch wéi eng Praktiken d'Leit sech fügen oder bei verschiddene politeschen, ekonomeschen a kulturellen Uerdnunge resistéieren.[33]

Gläichzäiteg huet sech an den 1970er Joren an Italien och d'Microstoria entwéckelt, wou de Carlo Ginzburg an den Giovanni Levi zu deene bekanntste Vertrieder zielen.[34] D'Oral History ass an deem Sënn dem Usaz vun enger acteurzentréierter Microstoria zimmlech no.[35] Et gëtt also verschidden italieenesch historiographesch Traditiounen zesumme kombinéiert vum Croce, Gramsci bis zum Ginzburg an och méi rezent Wierker.[36]

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Der Luisa Passerini hir Fuerschung orientéiert sech un zwéi Sträng, déi matenee verbonne sinn:[37] Dat éischt ass d'Thematik oder eng konzeptuell Kategorie, nämlech déi vun der Subjektivitéit. Bei dësem Genre Fuerschungsaarbecht muss een d'Reconnaissance verstoe vun deenen, déi Sujete vun der Geschicht sinn, dat heescht och d'Alldaagsliewe liewen, an och d'Sich no Forme vu Subjektivitéit déi tëscht verschiddene Generatiounen "gedeelt" goufe mat hire Kontinuitéiten an Diskontinuitéiten.[3]

Dat zweet ass eng Method, dat heescht d'Analys vu geschriwwenen, mëndlechen oder visuellen Texter, déi dann interpretéiert ginn an engem gewëssenen disziplinären Horizont wou fir d'Passerini d'Geschicht an d'Anthropologie dran ass mä wou awer och Insipiratioun an Afloss vun Disziplinne wéi d'Psychoanalys a Literaturkritik kënnt.[3]

An den 1970er Joren, am Kontext vun de Protester vun den Aarbechter an de Fabrécken, huet d'Passerini ugefaangen, an der Traditioun vun den italieenesche Studien iwwer d'Aarbechterklass, sech mat de Vertrieder vun der Aarbechterklass zu Turin ze beschäftegen.[30] Eng Konstant där ee bei der Passerini ëmmer erëm begéint ass d'Wichtegkeet vun der Subjektivitéit. Schonn zu deem Zäitpunkt war sech d'Passerini bewosst iwwer d'Wichtegkeet vu subjektiven Attitüden op der enger Säit an op der anerer Säit vun den narrative Formen.[3] De Fokus bei der Passerini um Ufank vun hire Fuerschungsaarbechte läit op den Attitüden, den Ideologien an der Relatioun zu der Aarbecht an och den Ausdréck an deem, wat net gesot gëtt vun deene Schichte vun der Aarbechterklass, déi soss net sou siichtbar wieren.[3].

Der Passerini hir Fuerschung ass interdisziplinär ugeluecht fir datt d'Subjektivitéit Objet vun der Fuerschung an och d'Source vu wëssenschaftleche Prozedure ka ginn, dowéinst setzt sech se kritesch mat Konzepter vun der Mentalitéitsgeschicht, och mat Konzepter vun der Kollektiverennerung, der Psychoanalys an och vun der Geschicht an der Theorie vun der Autobiographie ausenaner.[3] Well spéider erweidert d'Passerini hir Approche vun "Geschicht a Subjektiviteit" an hire Studien iwwer Fraegeschicht a Biographien.[3]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

D'Luisa Passerini huet vill Monographien, Artikelen, Essayen an nach aner Bäiträg geschriwwen.[38] Déi meescht sinn op Italieenesch publizéiert ginn.[39] Fascism In Popular Memory: The Cultural Experience Of The Turin Working Class ass der Passerini hir éischt Monographie déi op Englesch publizéiert ginn ass.[3] An dësem Buch analyséiert d'Passerini mat der Method vun der Oral History d'Effete vun der faschistescher Diktatur op d'Bewosstsi vun deene Leit déi, an niddrege Gesellschaftsschichte liewen, wéi scho virdrun ernimmt ginn ass.[3]

Spéider huet sech d'Passerini mat der Fraegeschicht beschäftegt, well Thematike wéi Subjektivitéit, Geschicht vum Privatliewen an d'Relevanz vun der individueller Persoun, geneesou vun der Oral History wéi vun der Fraegeschicht behandelt gëtt.[30]

Europe in Love. Love in Europe ass dat éischt Buch vun der Passerini an deem si sech net mat der italieenescher Geschicht beschäftegt an och net op der Basis vun der Oral History.[40] D'Theema sinn d'Connectiounen an d'Representatioune vun der Iddi "Europa" an der Iddi vu "Léift" an England an den 1930er Joren.[3]

D'Luisa Passerini schreift och Artikele fir déi italieenesch Zeitungen Il manifesto a La Repubblica.[38]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Colonialismo portoghese e lotta di liberazione nel Mozambico, Torino, Einaudi, 1970: Introductory essay and editing.
  • "Movimenti di liberazione in Africa", in Il mondo contemporaneo, vol. IV: Storia dell'Africa e del Vicino Oriente, Firenze, La Nuova Italia, 1979, pp. 251–277.
  • Women's Personal Narratives: Myths, Experiences and Emotions, in Interpreting Women's Lives. Feminist Theory and Personal Narratives, Indiana University Press, Bloomington and Indianapolis, 1989, pp. 189–197.
  • Torino operaia e fascismo, Laterza, Roma-Bari 1984.
  • Storie di donne e femministe, Rosenberg & Sellier, Torino 1991.
  • Memoria e utopia. Il primato dell'intersoggettività, Bollati-Boringhieri, Torino 2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 CV Luisa Passerini (konsultéiert den 3. Mee 2012).
  2. PASSERINI, Luisa, Autobiography of a Generation: Italy, 1968 / Lisa Erdberg (trad.), Connecticut, 1996 (éd. origin. 1988), S. 12.
  3. 3,00 3,01 3,02 3,03 3,04 3,05 3,06 3,07 3,08 3,09 3,10 3,11 3,12 3,13 3,14 3,15 3,16 3,17 3,18 3,19 3,20 3,21 3,22 3,23 3,24 3,25 3,26 3,27 3,28 Ibidem.
  4. An hirer Autobiographie erkläert d'Passerini net firwat hire Papp, deen 1979 gestuerwen ass, sech net ëm si gekëmmert huet.
  5. Ibidem, S. 50.
  6. Ibidem, S. 11.
  7. Ibidem, S. 20.
  8. 8,0 8,1 DAVIS, John A., Modern Italy – Changing Historical Perspectives Since 1945, in BENTLEY, Michael, Companion to Historiography, London; New York, 1997, S. 598.
  9. CV Luisa Passerini (gekuckt den 3. Mee 2012).
  10. PASSERINI, Luisa, Discontinuity Of History And Diaspora Of Languages, in New Left Review, n°1, 2000, S. 137.
  11. PASSERINI, Luisa, Autobiography of a Generation (wéi Umierkung Nr. 2), S. 42.
  12. Ibidem, S. 51.
  13. PASSERINI, Luisa, Autobiography of a Generation (wéi Umierkung Nr. 2), S. 52.
  14. WOLLER, Hans, Geschichte Italiens im 20. Jahrhundert, München, 2010, S. 294.
  15. PASSERINI, Luisa, Autobiography of a Generation (wéi Umierkung Nr. 2), S. 57.
  16. Ibidem, S. 58-59.
  17. Ibidem, S. 59.
  18. Ibidem, S. 102.
  19. Ibidem, S. 57.
  20. Ibidem, S. 108.
  21. Ibidem, S. 103.
  22. Ibidem, S. 109-110.
  23. Ibidem, S. 118.
  24. Den Elvio Fachinelli ass en italieenesche Psycholog a Psychanalyst.
  25. Ibidem, S. 119.
  26. Ibidem, S. 119-120.
  27. Ibidem, S. 120.
  28. Ibidem, S. 120-121.
  29. Ibidem, S. 121.
  30. 30,0 30,1 30,2 30,3 PORTELLI, Alessandro: Italian Oral History: Roots of a Paradox (konsultéiert den 2. Mee 2012).
  31. LUTZ, Raphael, Geschichtswissenschaft im Zeitalter der Extreme: Theorien, Methoden, Tendenze von 1900 bis zur Gegenwart, München, 20102 (20031), S. 190.
  32. Ibidem, S. 191.
  33. DYKE, Elizabeth A. Ten, Anthropology, Historical, in BOYD, Kelly (Hg.), Encyclopedia of Historians And Historical Writing: Vol. 1: A-L, London; Chicago, 1999, S. 39.
  34. LEVI, Giovanni, On Microhistory, in BURKE, Peter (Hg.), New Perspectives on Historical Writing, Oxford, 2001, S. 97.
  35. LUTZ, Raphael, Geschichtswissenschaft im Zeitalter der Extreme (wéi Umierkung Nr. 52), S. 190.
  36. GRELE, Ronald J., Oral History, in BOYD, Kelly (Hg.), Encyclopedia of Historians And Historical Writing: Vol. 2: M-Z, London; Chicago, 1999, S. 881-882.
  37. PASSERINI, Luisa ; MERJIAN, Ara H., Gender, Historiography, And The Interpretation Of Fascism, in Qui Parle, n°1, 2001, S. 163.
  38. 38,0 38,1 Luisa Passerini: European University Institute (konsultéiert den 20. Abrëll 2012).
  39. SMITH, Richard Cándida, Popular Memory and Oral Narratives: Luisa Passerini's Reading of Oral History Interviews: Fascism in Popular Memory: The Cultural Experience of the Turin Working Class by Luisa Passerini; Robert Lumley; Jude Bloomfield, in The Oral History Review, n°2, 1988, S. 95.
  40. FOOT, John: Luisa Passerini. Europe in Love. Love in Europe (konsultéiert den 3. Mee 2012).