Lukas Arons
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lukas Arons, gebuer den 10. Abrëll 1968 zu Renkum an der hollännescher Provënz Gelderland, ass en hollännesche Sculpteur.
Vun 1989 bis 1992 huet hien zu Rotterdam op der Willem de Kooning Academy Skulptur studéiert. Weider Studien huet hien op der Academie van Kunst en Vormgeving zu Den Bosch an der Monumental-Skulptur gemaach a krut do 1994 den Ofschlossdilpom.
Am Summer 2007 huet hie beim Muse Symposium fir Sculpteuren zu Käerch matgemaach, zesumme mat dem Lëtzebuerger Tom Flick (Organisateur vum Projet), dem Norweger Peder Istad an dem Schwed Lars Widenfalk.
Wierker [änneren]
- Muse Noire 2007 virun der Banque centrale du Luxembourg an der Stad Lëtzebuerg, Lëtzebuerg (2007)
- Stengeforter Héichuewen, zesumme mam Peder Istad, zu Stengefort, Lëtzebuerg
- Thomas Thorild-Monument zu Hällevadsholm an der Provënz Västra Götalands län, Schweden (2009)