Lummen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fändel vu Lummen.svg Lummen
Thumb
Land: Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun: Flag of Flanders.svg Flandern
Provënz: Flag of Limburg (Belgium).svg Limburg
Gemeng: Lummen
Awunner: 13.739 1. Juli 2006
Fläch: 5.338 ha
Thumb

Lag vu Lummen am Arrondissement Hasselt an der Provënz Limburg
Geographesch Koordinaten 50° 59' 11" N
05° 11' 31" O
Vue op d'Kierch vu Lummen vum Mangelbeek aus gesinn.
d'Gemenghaus zu Lummen

Lummen ass eng Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Limburg.

Si läit an der Campine am Weste vun der Provënz op der Grenz mam Flämesche Brabant, op enger Héicht tëscht 25 m a 60 m. Déi héchst Plaz ass de Willekesberg am Weste vu Lummen.

Duerch d'Gemeng lafen de Mangelbeek an d'Demer.

Praktesch déi ganz Gemeng läit op sandegen Diluviumbiedem. Och den Eisesandstee kënnt op Plaze vir.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Lummen ass bei der belscher Gemengereorganisatioun entstanen aus de fréiere Gemenge Lummen, Linkhout a Meldert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Duerch Iwwerreschter vun Tounvasen, Urnen an ale Mënzen déi zu Lummen fonnt goufen ass bekannt, dat déi Géigend scho virun der Réimerzäit bewunnt war. Vun de Réimer un iwwer d'Mëttelalter ewech ass näischt bekannt. Déi éischt Schrëftstécker stame vun ëmt 1300 an deene vun der Seigneurerie vu Lumme riets geet, well den Här vu Lummen deemools gläichzäiteg Vogt vum Haspengau war.

Duerno war d'Geschicht vu Lummen ganz enk verbonne mat där vun der Famill van der Marck, déi vum Schlass De Burg koum. Dat Schlaas ass, bis op en Intervall, wou et am Besëtz vun den Arenberg's war, bis haut Proprietéit vun där Famill.

Vun Ufank un datt et d'Baronie Lummen gouf, ass bekannt datt et an all Duerf eng Zort Gemengerot gouf, deen aus engem oder och alt zwéi Buergermeeschteren an e puer Schäffe bestanen huet. De Buergermeeschter hat den Avantage datt e keng Laaschten huet misse bezuelen, an en huet och net zum Ravitaillement vun der Arméi musse bäisteieren, wat deemools keng Klengegkeet war. Detachementer vun der Arméi si regelméisseg an d'Dierfer Fudder fir d'Päerd, a Fleesch a Käre fir Miel sammele gaangen. Am Wanter vu 1746 op 1747 hat souguer e ganzt Batailloun ungaresch Husare sech do aquartéiert.

Kierchen an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Onze-Lieve-Vrouw Hemelvaartkerk[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1871 am neoromanesche Stil gebaut an den Tuerm ass 60 m héich. Den Dafsteen ass aus dem 12. Joerhonnert an d'Liespult aus Koffer vu 1642 steet op engem Sockel aus Carraramarmer.

Kierch vun Thiewinkel[änneren | Quelltext änneren]

Dës Kierch ass vun 1954 / 55 an ass dem Jang dem Deefer geweit.

Kierch vu Gestel[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch Gestel gouf 1951 gebaut a gouf am August 1952 ageweit. De Patréiner ass ass den Hl. Lambert.

Hl. Rochus-Kierch Genenbos[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Kierch vu Genebos geet fir d'éischt a Schrëfte vu 1672 iwwer eng Kapell Rieds, wou Masse gehale goufen, an ee Kapellmeeschter engagéiert gouf. D'Par vu Genenbos gouf 1842 gegrënnt, an am Juli 1850 gouf de Grondstee vun der Kierch geluecht. Dës gouf 1851 agweit a kritt den Numm Sint-Rochus. 1960 gouf erëm eng nei Kierch gebaut déi dat Joer drop de 6. Juli ageweit gouf.

Kapell Onze- Lieve-Vrouw van de Beukenboom[änneren | Quelltext änneren]

Dës Kapell, fräi iwwersat Léiffrächekapell vun der Bich steet op der Kopp vum Willekensberg. D'Kapell gouf ëm 1640 gebaut an ass als historescht Monument klasséiert. Wéi den Numm et seet sti ronderëm d'Kapell Bichen. An der Kapell war en Zëmmer agriicht an deem e Klausner gewunnt huet. An der Kapell steet eng Muttergottestatu aus Alabaster aus dem 15. Joerhonnert.

Vun der Kapell aus huet en eng Vue iwwer den Dall vun der Demer.

D'Gemengenhaus[änneren | Quelltext änneren]

Gedenkplack op der Gemeng

D'Märei vu Lummen ass op der N°13 op der Gemeenteplein ze fannen.

D'Gebai gouf 1899 am Neo-Renaissancestil gebaut. 1992 gouf d'Gemeng renovéiert an et koum eng Annexe dobäi.

Op der viischter Fass ass eng stenge Plack ze gesinn déi un d'Schluecht vum 12. Mee 1940 erënnert déi bei Lummen war.

Schlässer an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Fändel vun der belscher Provënz Limburg Gemengen an der Provënz Limburg (Belsch) Drapeau de la Province de Limbourg

Alken · As · Beringen · Bilzen · Bocholt · Borgloon · Bree · Diepenbeek · Dilsen-Stokkem · Genk · Gingelom · Halen · Ham · Hamont-Achel · Hasselt · Hechtel-Eksel · Heers · Herk-de-Stad · Herstappe · Heusden-Zolder · Hoeselt · Houthalen-Helchteren · Kinrooi · Kortessem · Lanaken · Leopoldsburg · Lommel · Lummen · Maaseik · Maasmechelen · Meeuwen-Gruitrode · Neerpelt · Nieuwerkerken · Opglabbeek · Overpelt · Peer · Riemst · Sint-Truiden · Tessenderlo · Tongeren · Voeren · Wellen · Zonhoven · Zutendaal

Commons: Lummen – Biller, Videoen oder Audiodateien