Lunar Prospector
| Lunar Prospector | |||
|---|---|---|---|
| Missioun | Erfuerschung vum Äerdmound | ||
| Drorakéit | Athena-II-Rakéit | ||
| Optrag vun der | NASA | ||
| Startmass | 300 kg (inklusiv Dreifstoff) | ||
| Start an Enn | 6. Januar 1998 – 31. Juli 1999 | ||
| Startplaz | Cape Canaveral AFS Launch Complex 46 | ||
De Lunar Prospector war eng US-amerikanesch Raumsond, déi vun 1998 bis 1999 den Äerdmound erfuerscht hat.
Inhaltsverzeechnes |
Missioun [änneren]
No de Resultater vun der Missioun Clementine war d’Zil vu Lunar Prospector kloer: Nowäis vu Waasseräis op de Pole vum Äerdmound.
D'Gewiicht vu Lunar Prospector war ronn 300 Kilogramm. D'Sond gouf mat enger Athena-II-Rakéit gestart. D'Missioun hat nëmme 62,8 Millioune US-Dollar kascht; dovun waren 34 Milliounen Dollar fir d'Sond a 25 Milliounen Dollar fir d'Dréierrakéit. Den Orbiter war mat sechs wëssenschaftlechen Experimente bestéckt. Als besonnescht „Laascht“ hat hien eng lëppestéftgrouss Kapsel mat e puer Gramm Äschen vum 1997 verongléckten Astronom Eugene Shoemaker. No Enn vun der Missioun war fir d'Sond e kontolléierten Opschlag um Mound virgesinn, bei deem si zerstéiert soll ginn. Dobäi soll méiglechst Waasseräis fräigesat ginn.
Verlaf [änneren]
- 6. Januar 1998 Start vum Lunar Prospector.
- 11. Januar 1998 D'Sond erreecht eng polar Ëmlafbunn ëm de Mound.
- 31. Juli 1999 D'Missioun ass mam Opschlag vun der Sond um Mound eriwwer.
Resultater [änneren]
Dem Lunar Prospector war et gelongen, de relativ séchere Nowäis vu Waasseräis um Mound duerch Neutronenspektroskopie ze bréngen. Et handelt sech dobäi ëm circa véier Milliarden Tonnen um Moundnordpol an circa zwou Milliarden Tonnen um Moundsüdpol. D'Äis läit net fräi, mä ass mat dem Gestengs verméscht. Allerdéngs konnt beim Aschlag vum Lunar Prospector kee fräigesaten Äis observéiert ginn. Den Opschlag war an engem onbenannte Krater an der Géigend vum lunare Südpol erfollegt. Fir dësen Zilkrater gouf den Numm vum Shoemakers virgeschloen.
D'Sond hat och Date fir d'Opstelle vun enger globaler Äerdmoundkaart mat dem lunare Gravitatiounsfeld geliwwert, déi et erlaabt, nei Missioune méi sécher a mat manner Dreifstoff ze plangen (kuckt och: Mascon).