Lunar transient phenomenon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Verdeelung vun den LTPs (LIPs als roudelzegen Donst, aner giel)

Als Lunar transient phenomenon (LTP, och Transient lunar phenomenon, TLP; transient Moundphenomen) gëtt eng kuerzzäiteg, lokal Hellegkeets- oder Faarfverännerung op der Äerdmounduewerfläch bezeechent, déi bei astronomeschen Observatioune gesi gouf.

Et goufe méi wéi 1.500 sou Observatioune gemellt. En etlech sinn awer diskutéierbar, well si virun allem vun ongeübten Observateuren ënner extreme Bedingunge gemaach goufen – e puer Observatioune goufen awer och vun erfuerenen Astronome gemaach. Sou huet z. B. de sowjeteschen Astronom Nikolai Kosyrew 1958 als éischten eng spektral Foto vun sou engem Phenomen am Krater Alphonsus gemaach. An deem LTP-Spektrum mengt hien, Kuelestoff a molekularer Verbindung erkannt ze hunn.

D'Ursaach vun den LTP ass bis haut net bekannt. Et gëtt awer gemengt, datt e Reschtvulkanismus vum Mound dofir verantwortlech ass. Obschonn de Mound als erkaalt ugesi gëtt a keng Unzeeche vun aktivem Vulkanismus weist, kéinten nach kleng Beräicher existéieren, aus deene vulkanesch Gasen un d'Uewerfläch kommen an duerch Verwierbelung vum Regolith eng Verännerung vun der Albedo bewierken. Fir déi Méiglechkeet schwätzt och, datt d'LTP-Observatioune staark op wéineg Moundkratere konzentréiert sinn: Bal en Drëttel vun den Observatioune goufen iwwer dem Aristarchus gemaach; donieft sinn anscheinend och Plato an Alphonsus aktiv.

D'Ënnersich vun deem Phenomen gi vun der Association of Lunar & Planetary Observers am Department of Planetary Sciences op der University of Arizona zu Tucson koordinéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie